Bastille

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stuerm op d'Bastille)
Bastille
Land Frankräich
Gemeng 4. Arrondissement
Plaz Place de la Bastille,
Paräis
Koordinaten 48°51'11,99"N, 2°22'9,01"O
Statut ofgerappt
Datum vum Bau 1356-1383
Ofgerappt oder zerstéiert 1789
Zweck Prisong
D'Bastille virun hirer Zerstéiereung

D'Bastille (kleng Bastioun) war eng besonnesch Buerg mat enger Stadpaart am Oste vu Paräis, an zulescht e Prisong. De Stuerm op d'Bastille kann als Gebuertsstonn vun der Franséischer Revolutioun interpretéiert ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf si als Bastion de Saint-Antoine oder Bastille Saint-Antoine am 14. Joerhonnert ënner dem Kinnek Charles V. opgeriicht. De Grondstee gouf den 22. Abrëll 1370 geluecht, fäerdeg gouf de Bau 1383. Et war eng befestegt ëstlech Paart an als Eckpilier vun de Befestegungsanlage vun der franséischer Haaptstad géint d'Ugrëffer vun den engleschen Truppen am Honnertjärege Krich duerch d'Land gezu sinn, geduecht. Zanter der Zäit vum Louis XIII. war d'Gebai e Staatsprisong, mat 80 deels ënnerierdesche Kerkeren. Berüümt Prisonéier waren ënner anerem 1717/1718 a 1726 de Schrëftsteller Voltaire oder 1784-1789 de Marquis de Sade.

D'Bastille hat aacht Zënnentierm mat eegenen Nimm: Feldsäit vun Norden no Süden: Tour du Coin, Tour de la Chapelle, Tour du Trésor, Tour de la Comté; Stadsäit vun Norden no Süden: Tour du Puits, Tour de la Liberté, Tour de la Bertaudière, Tour de la Basinière. Tëscht dem Basinièretuerm an dem Grofschaftstuerm louch de südlechen Agank mat enger Zuchbréck. Tëscht dem Kapellen- a Schatztuerm war déi zougemauert fréier Stadpaart. D'Gebai hat ausserdeem e Festungsgruef, dee mat Waasser gefëllt war.

Eent vun den interessantsten Dokumenter aus dem Banneliewe vun der Bastille ass de Bericht deen de Constantin de Rennevilles 1715 ënner dem Titel Inquisition Françoise iwwer seng eelefjäreg Gefaangenschaft geschriwwen huet. Den de Renneville huet doran ausféierlech verschidden Zelle beschriwwen, an déi jee no Status a finanzielle Ressourcen ënnerschiddlech Haftbedingungen. D'Prisonéier kruten eng Pensioun vum Kinnek - Suen, fir déi d'Personal Kommissioune gemaach huet. De Prisong selwer huet wéi eng kommerziell Entreprise vum Staat funktionéiert. Wa bei méi laangem Openthalt am Prisong d'Gefaangen aarm goufen, oder hir Famillje si net méi ënnerstëtzt hunn, koume s'an ëmmer méi déif Zellen. Déi schlëmmst Haftbedingunge gouf et ënnen an de Kelleren. Prisongsstrofen an der Bastille ware gefaart, well mat hinnen all Entzuch vun der Ëffentlechkeet verbonne war. Eng Chance, sech ze verdeedegen, an an der Aussewelt Sympathien ze kréien, haten nach éischter déi um Stillchen, wéi d'Prisonéier.

Der Anne Marguerite Petit DuNoyer gëtt e Bericht vun enger spektakulärer Flucht aus der Bastille zougeschriwwen, deen 1719 als Événement des plus rares erauskomm ass.

Vun der Bastioun ass haut näischt méi ze gesinn. Ënner der Leedung vum Entreprener Pierre-François Palloy gouf schonn de 16. Juli 1789 ugefaangen, d'Festung als Symbol vum Ancien Régime ofzerappen. Haut ass op der Plaz déi no der Bastioun benannt ass (Place de la Bastille) um Buedem de Verlaf vun de Maueren agezeechent. Weider Spuere gesäit een an der Métrosstatioun Bastille (Linn 5).

1789: De Stuerm op d'Bastille[änneren | Quelltext änneren]

Jean-Pierre Louis Laurent Houel, La prise de la Bastille, 1789.
La Bastille dans les premiers jours de sa démolition . Uelegbild vum Robert Hubert (1753–1808)

De Stuerm op d'Bastille gouf de 14. Juli 1789 d'Symbol fir d'Franséisch Revolutioun. Deelweis gëtt dat Evenement och als den Ufank vun der Revolutioun interpretéiert.

Am Juli 1789 war d'Vollek vu Paräis onroueg: Engersäits goufe grouss Hoffnungen an d'Generalstänn gesat, anerersäits war et duerch déi héich Broutpräisser a senger Existenz bedreet. Zanter dem 10. Juli goufen Douaneshaiser ronderëm Paräis a Brand gesat, an der Hoffnung, datt d'Wueren an der Stad géife méi bëlleg ginn.

Den 11. Juli huet de Kinnek Louis XVI. de Finanzminister Jacques Necker entlooss. Ausserdeem hat hien Truppen zu Versailles zesummegezunn - eng däitlech Bedreeung fir d'Assemblée nationale.

Den 12. Juli koum d'Nouvelle vun der Entloossung vum Necker zu Paräis un. Agitateuren am Palais Royal hunn d'Stëmmung weider opgehëtzt; de berüümtste Riedner war do de Camille Desmoulins, deen d'Patrioten opgefuerdert huet, sech als Erkennungszeeche Käschteblieder un den Hutt ze stiechen. De selwechten Dag koum et zu éischte gewalttätegen Ausernanersetzungen tëscht den Demonstranten an den Truppe vum Regiment Royal Allemande Robert François Damiens (de Regizid vum Louis XV.) a warscheinlech den adlege Schrëftsteller de Sade. An den nächsten Deeg goufe Waffegeschäfter geplëmmt, an de 14. Juli huet eng Mënschemass, déi sech virdrun am Invalidenhaus Waffe beschaaft hat, d'Bastille belagert, fir un d'Munitiounsreserven ze kommen, déi do gelagert goufen. De Kommandant huet bei der éischter Usammlung vu Mënschen op der Zuchbréck an de Koup schéisse gelooss. Méi wéi 80 Persoune sinn ëm d'Liewe komm. No engem neien Opmarsch mat besserer Bewaffnung (Zaldoten, Kanounen) huet d'Wuecht opginn. De Prisong gouf gestiermt, an d'Gefaange befreit. Et waren awer nëmmen eng Handvoll Dokumentefälscher, e Geeschteskranken, e Kompliz vum Robert François Damiens (de Regizid vum Louis XV.) a warscheinlech den adlege Schrëftsteller de Sade.

De Kommandant de Launay gouf um Wee op d'Gemeng erstach, an de Kapp gouf ënner der Begeeschterung vun der Bevëlkerung duerch d'Stroosse vun der Haaptstad gedroen - dat éischt adelegt Affer vun der Revolutioun.

D'revolutionäert Bild huet vill dozou bäigedroen, de Mythos vun enger Bastille déi d'Affer vun der Monarchie gefaangen hält, ze verbreeden. Eigentlech hat am Joer 1789 d'Gebai seng Funktioun als Staatsprisong scho verluer, an de Louis XVI. hat d'Decisioun scho getraff, fir d'Gebai ofrappen ze loossen. De Beweis beim Stuerm op d'Bastille derbäigewiescht ze sinn huet eng grouss Roll an der Karriär vun de sougenannte Patriote gespillt. 863 "brevets de vainqueur de la Bastille goufen ausgestallt. D'Bastille war nëmmen e Symbol fir d'monarchistesch Tyrannei.

D'Wichtegkeet vum Stuerm op d'Bastille gouf vun de romanteschen Historiker wéi dem Jules Michelet gär iwwerdriwwen. Zäitgenësseschen Texter no, haaptsächlech Bréiwer vu Leit déi derbäi waren, gouf d'Gebai ouni gréisser Zesummestéiss ageholl. Héchstens eng dausend Leit hate sech do versammelt, fir sech an der d'Bastille Waffen ze beschafen.

Louis XVI.: « C'est une révolte ? »
La Rochefoucauld:« Non sire, ce n'est pas une révolte, c'est une révolution. »

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Constantin de Rennevilles, Inquisition Françoise. E. Roger, Amsterdam 1715.
  • Événement des plus rares ou l'histoire du Sr. Abbé Comte de Buquoy singuliérement son évasion du Fort-l'Évêque et de la Bastille. 1719. Digitalisat.
  • H. Gourdon de Genouillac, Histoire nationale de la Bastille 1370-1789. Récit authentique et vrai. F. Roy, Paräis 1880 Digitalisat
  • Olaf Simons, Marteaus Europa oder der Roman, bevor er Literatur wurde. Rodopi, Amsterdam 2001 (ISBN 90-420-1226-9), S.647-661 (zu däitsche Berichter aus der Bastille aus dem fréien 18. Joerhonnert)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bastille – Biller, Videoen oder Audiodateien