Su-Mei Tse

Vu Wikipedia
Su-Mei Tse
Gebuer 29. Januar 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Paräisser Conservatoire,
École des Métiers d'Art,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Fotograf, Museker, Kënschtler, Sculpteur


D'Su-Mei Tse, gebuer den 29. Januar 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Musekerin a Kënschtlerin, déi an hiren Installatioune Musek, Fotografie, Kino an Danz verknëppt.

No enger Ausbildung als Cellistin an engem BTS am Textildesign huet d'Su-Mei Tse en Diplom op der École des Beaux-Arts zu Paräis gemaach.

Si huet de 14. Juni 2003 fir de Lëtzebuerger Pavillon, an der Ca' del Duca, op der Biennale vu Venedeg, de Gëllene Léiw gewonnen. Gewise gouf do d'Videoinstallatioun Les balayeurs du désert, wou Stroossebotzer an der Wüst stinn, Sand op Kéipercher ze kieren, an Echo, wou eng Cellistin (d'Kënschtlerin selwer) virun engem Alpen-Panorama spillt, där hir Musek sech mam rhytmesche Schäre vun de Bieseme vermëscht. Weiderhin hat se an engem aneren Deel vum Pavillon vergréissert Sandaueren opgeriicht (Personal Times), an e schalldichte Raum, ganz mat gielen Schaumkeiler agekleet. Dat Ganzt stoung ënner dem Theema "[E:r] conditionné".

D'Su-Mei Tse ass d'Duechter vun engem Chinees an enger Brittin a lieft tëscht Lëtzebuerg, Paräis a Berlin.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture Gearchiveerd op 2013-10-10. Gekuckt de(n) 2015-01-24.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]