Sualocin (Stär)

Vu Wikipedia
Kaart vum Stärebild Delphinus

De Sualocin ass de Stär α (Alpha) Delphini am Stärebild Delphinus. Den Numm krut de Stär vum italieeneschen Astronom Niccolo Cacciatore, deem säi Virnumm latäiniséiert Nicolaus heescht. Vun hannen no vir gelies gëtt Nicolaus Sualocin (kuckt och Rotanev).

De Sualocin gehéiert zu der Spektralklass B9IV. Hien huet eng visuell Magnitude vu +3,77 mag. De Sualocin ass ronn 240 Liichtjoer vun eis ewech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie