Suckel

Vu Wikipedia

Eng Suckel ass en Objet fir Puppelcher oder kleng Kanner, deen dozou déngt, hiert Suckelbedierfnes ze befriddegen a se sou ze berouegen (op Englesch heescht se pacifier).

Eng Suckel besteet hautdesdaags generell aus engem Nippel aus Gummi, Plastik oder Silikon, aus engem méi grousse Schëld, dat verhënnert datt den Nippel ofgeschléckt ka ginn, an aus engem Grëff.

Den Nippel vun der Suckel ass och en Element vun der Fläsch déi benotzt gëtt fir d'Kanner kënschtlech ze nieren.

Ëmgangsproochlech gëtt dacks de Mond selwer als Suckel bezeechent.