Summerhimmel
Summerhimmel gëtt deen Deel vum Stärenhimmel genannt, deen a kloere Summer-Owender ze gesinn ass. De visuellen Ausschnëtt vum Himmel hänkt of
- vun der geografescher Breet vun der Observatiounsplaz,
- vum Datum
- a vun der Uertszäit.
Den 2. an 3. Afloss wierke géinteneen, dat heescht, e Mount méi spéit, gesäit een dee selwechten Himmelsausschnëtt ëm 2 Stonne méi fréi, oder all Dag ëm knapps 4 Minutte méi fréi (Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Konstellatiounen a Stärebiller
Déi opfällegst Konstellatioun ass dat am Osten opsteigend grousst Summerdräieck, dat aus dräi Stären 1. Gréisst besteet a réngs ëm d'Stärebild vum Schwan (nërdlecht Kräiz) verleeft. Seng Eckpunkte sinn d'Vega an der Leier (hellste Stär vum Nordhimmel), Deneb am Schwan an Atair am Adler.
Délif am Süde an am Südosten sti Schëtze an Skorpioun, wou op enger Distanz vu 25.000 Liichtjoer dat Galaktescht Zentrum vun eiser Mëllechstrooss ass.
An Skorpioun an am Schëtze steet eis Sonn bei Wanterufank, soudatt dës Stärebiller nëmmen am Summer ze gesi sinn. D'Schéiere vum Skorpioun lafe beim roude Stär Antares (griich. „Géigemars“) zesummen - e Roude Ris mat 700-fachem Sonneradius.
[änneren] Kuckt och
Fréijoershimmel, Hierschthimmel, Wanterhimmel
[änneren] Literatur
- Das Himmelsjahr (Kosmos-Verlag) 2008
- Rudolf Brandt et al., Himmelsbeobachtungen mit dem Fernglas - eine Einführung für Sternfreunde. Verlag Deutsch, 2006
[änneren] Um Spaweck
- (de) Aktuell Stärekaart