Superjams

Vu Wikipedia

Superjams waren eng lëtzebuergesch Museksgrupp aus dem Préizerdaul, déi 2011 gegrënnt gouf. Si hu Party-Rap op Lëtzebuergesch gemaach.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Superjams waren de Beatmaker (Produzent) Christophe Calmes an de Rapper Stefano "Stiff" Orecchio. Well hir Texter op Lëtzebuergesch waren, hu si sech Superjams genannt, eng Uspillung op d'Comicfigur Superjhemp.

Si hunn hiert éischt Lidd Bessen raven de 4. Februar 2011 op iTunes verëffentlecht. E Clip dozou gouf vum Christophe Poulles am Centre Culturel Préizerdaul gedréint a war am Oktober 2013 méi wéi 67.000-mol op YouTube gekuckt ginn.[1] Dës éischt Single ass een Dag no der Verëffentlechung op déi éischt Plaz an den Electronic Charts an am Gesamtklassement vun iTunes Lëtzebuerg geklommen.[2],[3]

Kuerz drop hu si mat der Deborah Lehnen d'Single Lëtzebuerg opgeholl, fir déi den Adolf El Assal de Videoclip gedréint huet. Och dat Lidd huet sech erëm op d'Nummer 1 an den elektroneschen Charts klasséiert an et bis op Nummer 3 an de globalen iTunes-Charts bruecht, a war och op der éischter Plaz vun den DNR Dance Charts.[4],[5],[6]

Am August 2011 huet DSLRGuerillia op der Schueberfouer e Video fir de Superjams an dem Exemo hiert Lidd All Mensch geet op d'Schueberfouer gedréint.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Joer Single Maximal Chartpositioun
op iTunes Lëtzebuerg
Videoclip
2011 Bessen raven 1 jo
2011 Lëtzebuerg (feat. Deborah Lehnen) 3 jo
2011 Summer as Wonnerbar (feat. Cico) - nee
2011 All Mensch geet op d'Schueberfouer (feat. Exemo) 3 jo

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. YouTube: Superjams - Besse Raven (hd) (2. Februar 2011; gekuckt den 20. Juni 2012)
  2. Facebook: "Bessen raven" - Nummer 1 an den Electronic Charts Luxembourg + Gesamtklassement (17. Februar 2011; gekuckt den 20. Juni 2012)
  3. Interview op RTL Radio Lëtzebuerg (19. Februar 2011; gekuckt den 20. Juni 2012)
  4. Facebook: "Lëtzebuerg" - Nummer 1 an den Electronic Charts Luxembourg (2. Juni 2011; gekuckt den 20. Juni 2012)
  5. Facebook: "Lëtzebuerg" - Nummer 3 am Gesamtklassement (3. Juni 2011; gekuckt den 20. Juni 2012)
  6. Facebook: "Lëtzebuerg" - Nummer 1 vun den DNR Dance Charts (4. Juni 2011; gekuckt den 20. Juni 2012)