Superjhemp
De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Comic-Figur an de Protagonist vun der Comic-Serie mam selwechte Numm.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Wie stécht hannendrun?
De Superjhemp gëtt vum Lucien Czuga (Text) a vum Roger Leiner (Zeechnungen) realiséiert.
[änneren] Wéi ass et dozou komm?
Aus iergend engem onerkläerleche Grond landen déi jonk Superhelden aus dem Weltall ëmmer um Bauerenhaff vum Jhemp Kuddel am klengen Dierfchen Heihatechnachnidebauchwéi. Esou och enges nuets de Superjhemp, deen aus dem Stärebild vun der Kap kënnt. Säi Superheldennumm geet iwregends dorops zréck, datt de Jhemp Kuddel en u sech Babyman nenne wollt, mee seng Fra du gesot huet: "Super, Jhemp! Mi en dommen Nam ass der net agefall?". Wéi dee klenge Superjhemp dunn nach dem Jhemp seng Kap an e Superheldekostüm vu sengem Adoptivbrudder Spanne-Man gewieft krut, konnt hien, mat Kachkéis gedopt, op säin éischte, richtege Fluch goen.
D'Figur vum Superjhemp ass entstanen als Persiflage op déi nei Well vun Nationalbewosstsinn, déi an den 1980er Joren opkomm ass. De Superjhemp ass inspiréiert vum Camembert-gedopte Super Dupont, enger franséischer Figur vum Marcel Gotlib an dem Jacques Lob, déi hirersäits eng Karikatur vum amerikanesche Superman ass.
An all Episode muss de Superjhemp d'Land Luxusbuerg virun engem oder méi Béise retten, wéi dem Filip von Filoux, dem Jessica Jaguar oder anere Polit-Terroristen. De Superjhemp ass am normale Liewen de Charel Kuddel, e Staatsbeamten wéi sou vill aner Luxusbuerger och. A sengen Aventurë begéint een ëmmer erëm Karikature vu verschiddene bekanntene Lëtzebuerger, an och déi rezent lëtzebuergesch an international Aktualitéit gëtt do verschafft.
[änneren] D'Lëscht vun den Albumen
- 01 De Superjhemp géint de Bommeléer, November 1988
- 02 Dynamit fir d'Dynastie, November 1989
- 03 D'Affär vum Jorhonnert,November 1990
- 04 Den Dossier Hexemeeschter, November 1991
- 05 Panik am Studio 4!, November 1992
- 06 Superjhemp contra Superjhemp, November 1993
- 07 D'Geheimnis vun der Waliss, November 1994
- 08 Réquiem fir de Superjhemp, September 1995
- 09 Operatioun Grouss Botz, November 1996
- 10 Geheimcode Bloë Stär, November 1997
- 11 Aktioun Réiserbunny, Mäerz 1998
- 12 D'Patte wech vum Luxonit !, November 1998
- 13 Terror em den Troun, November 1999
- 14 Lescht Chance fir Luxusbuerg, November 2000
- 15 Alarm Am Örozuch, November 2001
- 16 S.O.S. Cosa Mia, November 2002
- 17 D'Aaxt vum Béisen November 2003
- 18 De Fluch vun der 23 November 2004
- 19 Countdown fir Kachkéisien!, November 2005
- 20 Déck Mënz fir de Prënz, Dezember 2006
- 21 Kids, Kachkéis a Kuddelmuddel!, Oktober 2007
- 22 De Superjhemp an déi grouss Gefor, November 2007
- 23 De Kinnek vun Öropa, November 2008
- 24 Cräsh am Paradäis!, November 2009
- 25 De Superjhemp géint de Kriseriis!, Dezember 2010
- 26 Méga-Menace fir de Vëlos-Ass, Dezember 2011
[änneren] Sammelbänn
- Superjhemp, Sammelband Nr. I, 2001, enthält d'Alben 1, 2 an 3.
- Superjhemp, Sammelband Nr. II, 2006, enthält d'Alben 4, 5 a 6.
[änneren] Weider Publikatiounen mat dem Superjhemp
- De Superjhemp géint de Superdämp Den 31. Mee 1992 als Aktioun fir eng Aarbechtsplaz ouni Tubak.
- Luxusbuerger Lexikon. De Superjhemp vu A-Z. Editions Revue 2008.
- Die Europäische Union verstehen - Mach dich schlau mit Superjhemp. OPOCE 2009 (ISBN 92-79-04546-6)
[änneren] De Superjhemp soss doruechter
- Am Film Trouble no more gëtt et eng Szeen, wou de Personnage Ray Guddebur als Superjhemp verkleet ass.
- D'Asbl Op Schéimerech huet am Summer 2010 en Theaterstéck opgefouert mam Titel De Superjhemp géint de Pnömonni.
[änneren] Literatur
- Jean-Marie Reding: "De Superjhemp – der Comic des kleinen Luxemburgers." In: forum 292, Dezember 2009.