Supernova 185

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Supernova 185 (SN 185) gouf am Dezember vum Joer 185 gesinn. D'Supernova ass gesi gi beim Alpha Centauri tëschent de Stärebiller Centaurus an Circinus an huet eng geschätzten Hellegkeet vun -6 bis -8 mag erreecht.[1] D'Supernova 185 gouf vu chineseschen Astronomen observéiert an ass domadden déi eelste beschriwwe Supernova an der Geschicht.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Historesch Beschreiwwung

An deem am 5. Joerhonnert verfaasste Buch vu spéideren Han (Hou Hanshu), enger Chronik vun der chinesescher Geschicht vu 25 bis 220 n. Chr., gëtt an den Astrologeschen Annalen beschriwwen, wéi Astronomen am zweete Joer vun der Zhongping-Ära vum Keeser Han Lingdi am chinesesche Stärebild Nanmen d'Observatioun vun engem Gaaschtstär gemaach gouf.[2] Dëse Stär war iwwer vill Méint ze gesinn, variéiert an der Faarf a gouf ëmmer méi schwaach un Hellegkeet, bis hie ganz verschwonne war.

D'Opliichte vum „Gaaschtstär“ konnt unhand vun den Annalen op de 7. Dezember 185 datéiert ginn. Säi Verschwanne gëtt op de Summer vum Joer 186 oder 187 datéiert[3]. D'Stärebild Nanmen (südlecht Paart) gëtt mat de Stären Alpha a Beta Centauri a Verbindung bruecht.

[änneren] Wëssenschaftlech Bewäertung

D'Identifizéierung vun deem am Hou Hanshu beschriwwene „Gaaschtstär“ als Supernova war laang Zäit ëmstridden. Vill Fuerscher hunn de Gaaschtstär als Koméit duergestallt. Well d'chinesesch Astronomen awer keng Bewegung vum Stär beschriwwen haten, gëllt d'Deitung als Koméit als onwahrscheinlech.[4] D'Supernova 185 ass domadden déi eelsten dokumentéiert Supernova an der Geschicht.

Enn vun den 1950er Jore gouf op enger Distanz vun 8200 Liichtjoer den Emissiounsniwwel RCW 86 entdeckt, deen zimlech séier mat dem „Gaaschtstär“ aus dem Joer 185 a Verbindung bruecht gouf.[5] Ënnersich hu festgestallt, datt et sëch beim RCW 86 tatsächlech ëm d'Supernovareschter handelt[6]; eng genee Datéierung vun der Supernova, mat den Iwwerreschter RCW 86, ass am Joer 2006 mat Hëllef vum Röntgenteleskop Chandra an dem Weltraumobservatoire XMM-Newton gelongen. Deemno sinn d'Iwwerreschter ronn 1800 Joer al, wat mat dem Alter vun der am Hou Hanshu beschriwwener Observatioun gutt zesummepasst.[7]

[änneren] Literatur

  • David H. Clark, Francis Richard Stephenson: The Historical Supernovae, Pergamon Press, Oxford 1977, ISBN 0-08-021639-0, ISBN 0-08-020914-9.
  • Fu-Yuan Zhao, R. G. Strom und Shi-Yang Jiang: The Guest Star of AD185 must have been a Supernova. In: Chinese Journal of Astronomy and Astrophysics, Vol. 6, Nr. 5, 2006, S. 635-640.
  • Jacco Vink, Johan Bleeker, Kurt van der Heyden, Andrei Bykov, Aya Bamba und Ryo Yamazaki: The X-Ray Synchrotron Emission of RCW 86 and the Implications for Its Age. In: The Astrophysical Journal Letters. Nr. 648, 2006, S. L33–L37.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Bradley E. Schaefer, Astrophysical Journal. Nr. 459, 1996, S. 438.
  2. Fu-Yuan Zhao et al., S. 636.
  3. De chineseschen Text gëtt an dësem Fall keng genee Zäit un. Déi meeschten Astronome ginn awer aus vum Juli oder August 187, vgl. Bradley E. Schaefer, The Astronomical Journal. Vol. 110, Nr. 4, 1995, S. 1793; Fu-Yuan Zhao et al., S. 638–639.
  4. Fu-Yuan Zhao et al., S. 639.
  5. B. E. Westerlund, D. S. Mathewson, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. Nr. 131, 1966, S. 371.
  6. Richard G. Strom, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. Nr. 268, 1994, S. L5.
  7. Jacco Vink, et al., S. L33.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen