Supernovarescht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Supernovarescht N49 an der Grousser Magellanscher Wollek.

E Supernovarescht (engl. supernova remnant, kuerz SNR) ass en Emissiounsniwwel, deen duerch eng Supernova entsteet an dacks eng Schuelestruktur huet.

D'Energie déi bei enger Supernova fräigëtt, gëtt zu 99 % als Neutrino-Stralung ofginn, déi mat Matière kaum a Wiesselwierkung trëtt; duerch de Prozent dee Rescht bleift, ginn déi baussenzeg Schichte vum Virleeferstär staark intensivéiert. D'iwwerschallschnell Schockwell déi aus stellarem Material entsteet, breet sech mat enger bal konstanter Vitesse vu ronn 10.000 km/s, wäit am interstellare Medium aus an hëtzt dësen op 107 bis 108 K op. An dëser Expansiounsphas, déi ongeféier 200 Joer dauert, erreecht den SNR eng Gréisst vu ronn 10 Liichtjoer. Eng Stralungsphas vu ronn 10.000 Joer schléisst sech un.

Supernovareschter hunn dacks eng Schuelestruktur, well duerch Matièreafall op de kompakte Rescht weider Schockwellen ausgeléist kënne ginn. Dës weider Ausbréch kënnen nach Joerhonnerte méi spéit geschéien. Sou konnt 2005 en Team vun Astronomen um Max-Planck-Institut fir Astronomie zu Heidelberg mat dem Spitzer-Weltraumteleskop bei der Cassiopeia A, der Supernova vun 1680, en Infraroutecho noweisen, dat duerch en Ausbroch am Joer 1953 geschitt war, d. h. 273 Joer no der eigentlecher Supernovaexplosioun.

Dee vläicht berühmtesten a beschtobservéierte Rescht ass d'Supernova 1987A, dee vun enger Supernova an der Grousser Magellanescher Wollek staamt. Weider gutt bekannte Supernovareschter sinn 3C10 als Relikt vun der Supernova vum Brahe, e Rescht genannt nom Tycho Brahe, deen d'Hellegkeet vun der Explosioun am Joer 1572 opgezeechent hat; an dem Kepler seng SNR (Supernova 1604).

Dogéint handelt et sech beim M 1, dem Rescht vun der Supernova 1054, net ëm e Supernovarescht am eigentleche Sënn. Et ass bis elo net gelongen, am Radioberäich de Mantel nozeweisen, dee beim Supernovaausbroch ausgestouss gouf. De Krabbniwwel ass e Pulsarwand-Niwwel, bei deem d'Matière vun elektromagnéitesche Kräften aus dem Neutronestär erausgerass an dobäi bal bis op Liichtvitesse aktivéiert gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Supernova remnants – Biller, Videoen oder Audiodateien