Sur les traces des champignons comestibles et toxiques du Luxembourg

Vu Wikipedia
Sur les traces des champignons comestibles et toxiques du Luxembourg
Auteur Malika Pailhès
Marie Garnier-Delcourt
Reckinger
Marie-Thérèse Tholl
Guy Marson
Robert Wennig
Land Lëtzebuerg
Fotoen Charles Reckinger
Erauskomm 2012

Sur les traces des champignons comestibles et toxiques du Luxembourg ass den Titel vun engem Buch vun 2012 iwwer déi heefegst iessbar a gëfteg Champignonen zu Lëtzebuerg.

D'Auteure sinn d'Malika Pailhès, d'Marie Garnier-Delcourt an de Charles Reckinger, an Zesummenaarbecht mat der Marie-Thérèse Tholl, dem Guy Marson an dem Robert Wennig. D'Fotoe sinn zum groussen Deel vum Charles Reckinger.

D'Auteure si Membere vum Groupe de recherche mycologique vun der Société des naturalistes luxembourgeois.

D'Buch gouf 2012 an zweeter Oplo mat 1000 Exemplaire vun der Natur a Bëschverwaltung erausginn. Et gouf gratis un all Intresséiert verdeelt. Zanter Enn Oktober 2012 ass d'Buch vergraff.

Wat am Buch steet[änneren | Quelltext änneren]

Den Haapttext vum Buch besteet aus siwe Kapitelen.

Kapitelen 1 bis 4: Wat ass e Champignon, wéi a wou liewe se?

Kapitel 5: Plécken an Iesse vu Champignonen

  • Lëscht vun de wichtegste gëftege Champignonen zu Lëtzebuerg
  • Symptomer vun der Vergëftung duerch eng Rëtsch Aarten
  • Bestëmmungsschlëssel fir d'Aarten déi am Rescht vum Buch beschriwwe sinn.

Kapitel 6: Wéi een eng Rëtsch iessbar a gëfteg Champignonen déi et zu Lëtzebuerg gëtt erkennt. Mat engem Bestëmmungsschlëssel fir déi grouss Gruppen (Amaniten, Lepioten, asw).

Kapitel 7: Beschreiwung vun den Aarten. Et gëtt 90 Aarten op jee enger Säit beschriwwen a mat enger Foto illustréiert. D'Aarte ginn ënner dem wëssenschaftlechen, zesumme mat dem franséischen an dem däitschen Numm gefouert. Et gi keng lëtzebuergesch Nimm genannt.

D'Aarte si mat dräi Ikone markéiert, jee nodeem se iessbar oder gëfteg sinn, an ob et erlaabt ass se ze plécken (an deem Fall maximal 1 kg pro Persoun, pro Dag, zesumme mat allen aneren Aarten am Kuerf).

Op de leschte Säite vum Buch ass en Extrait aus dem Arrêté grand-ducal vum 8. Januar 2010 iwwer de Schutz vun de Champignonen zu Lëtzebuerg reproduzéiert, zesumme mat der Lëscht vun deenen Aarten (Annexe B2 vum Arrèté) déi a bestëmmte Quantitéiten däerfe gepléckt ginn, dat pro Persoun an engem Dag oder pro Grupp vu méi wéi dräi Persounen an engem Dag.

Bibliographesch Referenz[änneren | Quelltext änneren]

  • Pailhès, M., M. Marie Garnier-Delcourt & Charles Reckinger, avec la collaboration de Marie-Thérèse Tholl, Guy Marson et Robert Wennig, 2012. Sur les traces des champignons comestibles et toxiques du Luxembourg. Administration de la nature et des forêts. Imprimerie exe - Troisvierges, 179 pages.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]