Surinam

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Republik Surinam

Fändel vu Surinam

Wope vu Surinam

Detailer

Detailer
National Devise: Justitia - Pietas - Fides
("Gerechtegkeet - Flicht - Trei")
Offiziell Sprooch: Hollännesch
Haaptstad: Paramaribo
Staatsform: Republik
 • President: Chan Santokhi
Fläch: 163 820[1] km²
 • Dovu Waasser: 1,1 %
Bevëlkerung: 492 829[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 3/km²
Onofhängegkeet: vun Holland,
de 25. November 1975
Nationalfeierdag: 25. November
Nationalhymn: God zij met ons Suriname
Wärung: Surinam-Dollar
Zäitzon: UTC -4
Internet TLD: .sr
Internationalen
Telefonsprefix
:
+597

D'Republik Surinam, och Surinam (Hollännesch: Republiek Suriname [repyˈbli:k syɾiˈna:mə]; Sranan Tongo: Sranan [sra:ˈnaŋ]) läit a Südamerika, op der Nordwestküst vum Atlanteschen Ozean bei 4° Nord a 56° West. D'Land grenzt am Osten u Franséisch-Guayana, am Süden u Brasilien an am Westen u Guyana. Den Numm Surinam kënnt warscheinlech vum Stamm vun de Surinen, deen duerch d'Arawaken aus dësem Gebitt verdriwwe gouf. De 25. November 1975 gouf Surinam onofhängeg vun Holland. Zanterhier si vill Surinamer an Holland ausgewandert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Surinam ass mat enger Fläch vun 163.820 km² dat klengst onofhängegt Land vu Südamerika.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Klima huet en tropesche Charakter. Ufank Dezember bis Ufank Februar ass déi sougenannt kleng Reenzäit- an Enn Abrëll bis Mëtt August déi grouss Reenzäit. Dertëscht leie vun Ufank Februar bis Enn Abrëll déi kleng Dréchenzäit a vu Mëtt August bis Ufank Dezember déi grouss Dréchenzäit. Déi duerchschnëttlech Temperatur variéiert tëscht 24 a 36 Grad Celsius.

Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

Déi offiziell Sprooch a Surinam ass Hollännesch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • C.F.A. Bruijning an de J. Voorhoeve (Ed.): Encyclopedie van Suriname, Amsterdam a. Bréissel, 1977, B.V. Uitgeversmaatschappij Argus Elsevier

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. UNO 2004
  2. Lescht Vollekszielung den 2. August 2004. (Quell: Vereent Natiounen)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Surinam – Biller, Videoen oder Audiodateien