Suriname

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Location South America.png Dëse Geographiesartikel zu Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Republik Suriname

Fändel vu Suriname

Wope vu Suriname

Detailer

Detailer
National Devise: Justitia - Pietas - Fides
("Gerechtegkeet - Flicht - Trei")
Suriname in its region.svg
Offiziell Sprooch: Hollännesch
Haaptstad: Paramaribo
Staatsform: Republik
 • President: Dési Bouterse
Fläch: 163 820 [1] km²
 • Dovu Waasser: 1,1 %
Bevëlkerung: 492 829 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 3/km²
Onofhängegkeet: vun Holland,
de 25. November 1975
Nationalfeierdag: 25. November
Nationalhymn: God zij met ons Suriname
Währung: Suriname-Dollar
Zäitzon: UTC -4
Internet TLD: .sr
Internationalen
Telefonsprefix
:
+597

D'Republik Suriname, och Surinam (Hollännesch: Republiek Suriname [repyˈbli:k syɾiˈna:mə]; Sranan Tongo: Sranan [sra:ˈnaŋ]) läit a Südamerika, op der Nordwestküst vum Atlanteschen Ozean bei 4° Nord a 56° West. D'Land grenzt am Osten u Franséisch-Guayana, am Süden u Brasilien an am Westen u Guyana. Den Numm Suriname kënnt wahrscheinlech vum Stamm vun de Surinen, deen duerch d'Arawaken aus dësem Gebitt verdriwwe gouf. De 25. November 1975 gouf Suriname onofhängeg vun Holland. Zënterhier si vill Surinamer an Holland ausgewandert.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Suriname ass mat enger Fläch vun 163.820 km² dat klengst onofhängegt Land vu Südamerika.

Klima [änneren]

D'Klima huet en tropesche Charakter. Ufank Dezember bis Ufank Februar ass déi sou genannt kleng Reenzäit- an Enn Abrëll bis Mëtt August déi grouss Reenzäit. Dotëscht leie vun Ufank Februar bis Enn Abrëll déi kleng Dréchenzäit a vu Mëtt August bis Ufank Dezember déi grouss Dréchenzäit. Déi duerchschnëttlech Temperatur variéiert tëscht 24 a 36 Grad Celsius.

Sprooch [änneren]

Déi offiziell Sprooch a Suriname ass Hollännesch.

Literatur [änneren]

  • C.F.A. Bruijning an de J. Voorhoeve (Ed.): Encyclopedie van Suriname, Amsterdam a. Bréissel, 1977, B.V. Uitgeversmaatschappij Argus Elsevier

Notizen a Referenzen [änneren]

  1. UNO 2004
  2. Lescht Vollekszielung den 2. August 2004. (Source: Vereent Natiounen)

Um Spaweck [änneren]

Commons: Suriname – Biller, Videoen oder Audiodateien