Suzanne Cotter

Vu Wikipedia
Suzanne Cotter
Gebuer 20. Abrëll 1961
Melbourne
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Konschthistoriker

D'Suzanne Cotter, gebuer den 20. Abrëll 1961 zu Melbourne, Australien, ass eng australesch Konschthistorikerin a Kuratorin.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

No hirem Studienofschloss op der Queensland University of Technology huet Suzanne Cotter Konschtgeschicht op der Universitéit vu Melbourne studéiert a vun 1991 bis 1994[1] Museologie op der École du Louvre zu Paräis. Duerno, vun 1994 bis 1995[1], huet si weider Konschtgeschicht op dem Courtauld Institute of Art zu London studéiert a méi spéit nach Kulturmanagement op der City University London.

Vun 1996 bis 1998 war Suzanne Cotter Kuratorin fir d'Serpentine Gallery, d'Hayward Gallery a fir d'Whitechapel Art Gallery zu London, a vun 2002 bis 2009 Kuratorin a stellvertriedend Direktesch vum Modern Art Oxford. 2010 gouf si Kuratorin fir de Guggenheim Abu Dhabi Musée zu Abu Dhabi an 2011 fir déi 10. Sharjah Biennial am Emirat Schardscha.

2013 bis 2017 war d'Suzanne Cotter Direktesch vum Museu de Arte Contemporânea de Serralves zu Porto. Si war Member vun der Selektiouns-Komissioun fir d'documenta 14 am Joer 2017.

D'Suzanne Cotter, déi schonn zanter 2016 Member vum Comité scientifique vum MUDAM ass[2], gouf de 6. Oktober 2017 als nei Direktesch vum MUDAM nominéiert[3], nodeems den Enrico Lunghi Enn 2016 vun deem Posten demissionéiert hat. Si huet hir nei Funktioun op den 1. Januar 2018 ugeholl. Am Juli 2021 huet si ugekënnegt, hir Funktioun Enn vum Joer opzeginn, fir vun 2022 un Direktesch vum Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Sydney ze ginn[4].

An Zesummenaarbecht mat der Bridget Finck an dem Robert Kudielka huet d'Suzanne Cotter Eenzelausstellunge vum Piero Manzoni, Lucio Fontana a vum Paul Klee organiséiert. Si huet och Texter publizéiert an Ausstellungen organiséiert iwwer ë. a. follgend Leit: Seth Price, Cecily Brown, Trisha Donnelly, Silke Otto-Knapp, Michael Clark, Monica Bonvicini, Angela Bulloch, Daniel Buren, Jake an Dinos Chapman, Jannis Kounellis, Mike Nelson, Fiona Tan a Kelley Walker.

Auszeechnunngen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Suzanne Cotter, Profil op linkedin.com, gekuckt den 23. Oktober 2017
  2. Suzanne Cotter, nei Directrice vum Mudam Interview op rtl (Minutt 1:03), rtl.lu, gekuckt den 23. Oktober 2017
  3. Suzanne Cotter, nouvelle directrice de MUDAM Luxembourg op mudam.lu, gekuckt den 23. Oktober 2017
  4. Am Dezember 2021: Suzanne Cotter hält als Mudam-Direktesch op. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-22.