Svante August Arrhenius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Svante Arrhenius

De Svante August Arrhenius, gebuer den 19. Februar 1859 um Gutt Wik um Mälarséi bei Uppsala a gestuerwen den 2. Oktober 1927 zu Stockholm, war e schwedesche Physiker a Chemiker.

Den Arrhenius huet nogewisen, datt Salzer am Waasser als Ionen erëmzefanne sinn. D'Salzer zerfalen am Waasser net ëmmer vollstänneg a Ionen, mä - ofhängeg vun der Konzentratioun - zu engem bestëmmte Prozentsaz; den Arrhenius huet dofir d'Wuert Aktivitéitskoeffizient agefouert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Svante August Arrhenius seng Eltere waren de Svante Georg Arrhenius an d'Carolina Christina Thunberg. De Papp huet als Geometer an duerno als „Akademievogt“ op der Universitéit Uppsala, geschafft.

Duerch déi schlecht Pai op där Plaz huet hien am Ufank nach niewebäi als Verwalter vum Gutt Wick geschafft. De jonke Svante war allerdéngs nëmme kuerz Zäit do, Ufank vun den 1860er ass seng Famill op Uppsala geplënnert. D'Gehalt vum Papp war besser ginn an hien huet net méi misse Verwalter sinn.

Ausbildung a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

1883 huet hie seng Dokteraarbecht gemaach, déi op Franséisch geschriwwen a verëffentlecht gouf. Hei huet hie seng Theorie vun dem Auserneefale vun de Salzer a Ionen bekannt gemaach. D'Jury war net sou begeeschtert vun der Aarbecht an hie krut eng "schlecht" Mentioun. Trotzdeem konnt hie Professer op der Universitéit Uppsala ginn a spéider zu Stockholm. Vun 1905 bis zu sengem Doud war hien Direktor vum Nobelinstitut zu Stockholm.

Wëssenschafftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Den Arrhenius ass a senger Doktoraarbecht dovun ausgaangen datt Elektrolyten net nëmmen ënner Form vun A-B virleie mä och als Ionen A+ a B -, an dës Ione sinn d'Ursaach fir Leetfäegkeet vu Salzléisungen. D'Reaktioun vun der Dissociatioun vun A-B a Ionen A+ a B- ass am Gläichgewiicht an et gëtt ee Grad vum Zerfall α vun dëse Reaktiounen. Dës Theorie fënnt haaptsächlech Uwendung u Substanzen déi wéineg ioniséiert sinn an erméiglecht Ënnerscheeder zum Raoultgesetz z'erklären.

Den Arrhenius huet dem Van't Hoff säi Gesetz erweidert mat der Equatioun:

k= A*e-E/RT

k = Vitessekonstant A = Frequenzfactor E = Énergie d'activation

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Recherches sur la conductibilité galvanique des électrolytes
  • On the influence of carbonic acid in the air upon the temperature of the ground. The London, Edinburgh and Dublin Philosophical Magazine and Journal of Science 5, 237–276 (1896)
  • Lärobok i teoretisk elektrokemi (1900, an op deitsch 1901 Lehrbuch der Elektrochemie)
  • Lehrbuch der kosmischen Physik (1903, 2 Bänd)
  • Världarnas utveckling (1906, op dt. 1908 Das Werden der Welten. Akademische Verlagsgesellschaft Leipzig)
  • Immunochemistry (1907)
  • Theories of Solutions (1912)
  • Quantitative Laws in Biological Chemistry (1915)
  • Kemien och det moderna livet (1919, op deitsch 1922 Chemie und das moderne Leben)
  • Erde und Weltall (1926)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Svante Arrhenius – Biller, Videoen oder Audiodateien