Sven Nykvist

Vu Wikipedia
Sven Nykvist
Gebuer 3. Dezember 1922
Gestuerwen 20. September 2006
Stockholm
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Filmregisseur, Kameramann, Dréibuchauteur, Regisseur

De Sven Vilhem Nykvist gebuer den 3. Dezember 1922 zu Moheda an der Provënz Kronobergs län, a gestuerwen den 20. September 2006, war e schweedesche Kameramann.

Hien ass virun allem bekannt fir seng Zesummenaarbecht mam Regisseur Ingmar Bergman. An dräi Joerzéngten hu se zesummen 22 Filmer gemaach. Den Nykvist huet zweemol en Oscar kritt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 19 Joer huet de Sven Nykvist seng Carrière bei der schweedescher Filmindustrie als Kameraassistent ugefaangen. 1943 gouf e selwer Kameramann. 1953 huet hien eng éischt Kéier mam Ingmar Bergman fir de Film Gycklarnas afton (Abend der Gaukler/Nuit des forains) zesummegeschafft.

De Sven Nykvist huet a méi wéi 120 Filmer d'Kamera gefouert.

Den Oscar fir déi bescht Kameraféierung krut den Nykvist, deen och fir aner Regisseure wéi de Woody Allen, de Louis Malle oder de Richard Attenborough geschafft huet, fir Viskningar och rop (1973) an Fanny och Alexander (1982). Ausserdeem gouf en zousätzlech dräimol fir dëse Präis nominéiert.

Dem Peter Yates säi Curtain Call ass dee leschte Film, deen den Nykvist gedréint huet. Hien hat schonn zanter enger Zäitchen un Aphasie gelidden.

Den Nykvist als "Schauspiller"[änneren | Quelltext änneren]

Am Trollflöjten, dem Bergman senger Siicht um Mozart seng Zauberflöte sëtzt den Nykvist wärend der Ouverture ënner de Spectateuren.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Filmer, an deenen hien d'Kamera gefouert huet (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Filmer, an deenen hien d'Kamera gefouert huet (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer de Nykvist[änneren | Quelltext änneren]

  • Ljuset håller mig sällskap (D'Liicht leescht mer Gesellschaft), eng Dokumentatioun vu 75 Minutte vu sengem Jong, dem Carl-Gustav Nykvist. De Film weist eng Rees op Moheda, dem Nykvist seng Heemecht. Am Film sinn Interviewen drageschniddem, mat der Bibi Andersson, der Harriet Andersson, dem Woody Allen an natierlech dem Ingmar Bergman, als deem säin A den Nykvist ugesi gouf. Ënnerluecht ass de Film mat enger Liesung vum Nykvist sengem léifste Roman, dem Siddartha.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sven Nykvist – Biller, Videoen oder Audiodateien