Swansea City AFC

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Swansea City FC)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vuSwansea City AFC
Wope vuSwansea City AFC

Swansea City AFC (Walisesch: Clwb Pêl-droed Dinas Abertawe; Spëtznumm The Swans) ass e walisesche Foussballveräin zu Swansea. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2011/12 an der Premier League, der héchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeem si um Enn vun der Saison 2010/11 aus der Football League Championship opgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am Liberty Stadium.

De Veräi gouf 1912 gegrënnt, an 1920 si se fir d'éischt an déi englesch Foussball Liga komm. De Veräin hat seng Glanzzäit um Uffank vun den 1980er Joren. 1981 si si an d'First Division, deemools déi héchst Spillklass am englesche Foussball, opgestigen a waren um Enn vun der Saison 1981/82 do op der 6. Plaz, hir bescht Positioun déi se an hirer Geschicht erreecht hunn. Duerno sinn si allerdéngs an Zäit vun nëmme 4 Joer erëm bis an déi véierthéchste Spillklass erofgefall. Hir bescht Leeschtungen am FA Cup gouf et 1926 an 1964, wou si an der Halleffinall stoungen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Offiziell Websäit vu Swansea City AFC