Sword Beach
Als Sword Beach gouf während der Normandie-Landung vun den Alliéerten am Zweete Weltkrich eng Parti vun der franséischer Küst an der Normandie genannt.
Deen Deel vun der Küst läit tëschent Ouistreham an der Ornemëndung a Saint Aubin-sur-Mer. D'Landezon war ca. 8 Kilometer laang a war a 4 Ofschnëtter opgedeelt mat den Nimm Oboe, Peter, Queen a Roger. Et war déi ëstlechst vun de Landezonen.
Truppe vun der 3. Britischer Infanteriedivisioun mat ongféier 30.000 Zaldote sinn um D-Day, de 6. Juni 1944, ëm 07:25 Auer am Kader vun der Operatioun Overlord op deem Strand am Oste vun der Orne am Caen-Kanal gelant. Si haten als Verstäerkung och nach britesch Kommandotruppen.
Fir datt d'Fransousen och konnte bei där Landung derbäi sinn hat de Generol de Gaulle sech fir eng Bedeelegung staark gemaach an esou koum et datt och franséisch Truppen do mat gelant sinn.
D'South Lancashire Regiment ass am Secteur Peter geland, d'Suffolk Regiment am Secteur Queen an d'East Yorkshire Regiment am Secteur Roger.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Sword Beach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |