Sylvia Camarda

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Sylvia Camarda am Juli 2011 (Foto François Besch)
D'Sylvia Camarda bei enger Performance am Park Dräi Eechelen (Foto François Besch)

D'Sylvia Camarda, gebuer den 21. September 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Dänzerin a Choreographin. Si hat ufanks déi italienesch Nationalitéit, huet awer 1998 duerch Optioun déi lëtzebuergesch ugeholl.

Mat 15 Joer ass si op Cannes an d'École supérieure de danse de Cannes Rosella Hightower gaangen. Weider Etappe waren d'University of Performing Arts Purchase (State University of New York) zu New York an d'London Contemporary Dance School wou si 2000 den Ofschloss vun hirer Formatioun gemaach huet.

Si huet haaptsächlech an der Schwäiz geschafft bis si bei Les Ballets C. de la B. ugefaangen huet. Si huet am Projet Just another landscape for some Jukebox money gedanzt a war op Tournee mat deem Stéck während 2 Joer. Duerno huet si Missdeluxedanceco! gegrënnt. Hir Carrière als Dänzerin ass 2005 virugaange mam Jan Fabre an Je suis sang, mat deem si zu Avignon am Palais des papes opgetrueden ass, an och 2007 zu New York an Tokyo.

Vu Mëtt 2005 bis 2006 war si am Cirque du Soleil, am Stéck Delirium, op Tournée an Amerika.

Den 28. Mee 2011 krut d'Sylvia Camarda den éischte Lëtzebuerger Danzpräis, um Enn vum Danzfestival an de Carré Rotondes, iwwerreecht.

Choreographien [änneren]

  • Crash (2004)
  • Only the lonely (2004)
  • Absolutely Fabulous (2005)
  • Amerika, du bist so wunderbar (2009)
  • Conscienza di terrore (2009)
  • Libido (2011)
  • deleschtendag (2012)

Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Sylvia Camarda – Biller, Videoen oder Audiodateien