Symmachia

Vu Wikipedia

Eng Symmachia oder Symmachie (gr.: συμμαχος - "Matkämpfer, Alliéierten") war eng militäresch Allianz am ale Griicheland.

Och aner grouss antik Bündnissystemer, wéi d'Peloponnesesch Liga oder den Attesch-Delesche Séibond, ware Symmachien, an deenen déi eenzel Poleis mat der Hegemonialmuecht vum Bond (Sparta respektiv Athen) e bilaterale Vertrag geschloss haten. Allerdéngs hu sech an dëse d'Bündnissystemer d'Partner och zum Militärdéngscht verflicht, wann d'Hegemonialmuecht dëst gewënscht huet, woumat d'Allianz en offensive Charakter krut.

Am Peloponnesesche Krich koum eng Form vun der Symmachie mam Numm Epimachie (Epimachia) op, déi eigentlech nëmmen déi al Form vun der Symmachie war, an e strikten defensive Charakter hat. D'Bündnis huet nëmmen zum Bäistand verpflicht, wann en anere Bündnispartner ugegraff ginn ass[1].

D'epirotesch Stämm, déi sech ënner de Kinneke vun de Molosser zesummegedo haten, waren och eng Symmachie. Hegemon vun dëser Symmachie waren d'Kinneken aus der Famill vun den Aiakiden.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Ernst Baltrusch, Symmachie und Spondai. Untersuchungen zum griechischen Völkerrecht der archaischen und klassischen Zeit (8.-5. Jahrhundert v. Chr.), De Gruyter, Berlin/New York, 1994. (ISBN 3-11-013745-3)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vgl. Thukydides I, 44.