Syndicat intercommunal de gestion informatique

Vu Wikipedia
SIGI
Syndicat intercommunal de gestion informatique
Secteur Informatik
Leedung Yves Wengler
Verwaltungssëtz Conter
Membergemengen Ärenzdallgemeng, Bäerdref, Bartreng, Bauschelt, Bech, Beefort, Beetebuerg, Helperknapp, Bettenduerf, Betzder, Biekerech, Biissen, Biwer, Bous, Buerschent, Colmer-Bierg, Conter, Déifferdeng, Diddeleng, Dikrech, Dippech, Duelem, Ell, Ëlwen, Esch-Sauer, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Feelen, Fëschbech, Fiels, Fluessweiler, Fréiseng, Garnech, Géisdref, Gréiwemaacher, Groussbus, Hesper, Hiefenech, Iechternach, Ierpeldeng op der Sauer, Jonglënster, Käerch, Käerjeng, Klierf, Konsdref, Koplescht, Leideleng, Lenneng, Lëntgen, Luerenzweiler, Mäertert, Mäerzeg, Mamer, Manternach, Miersch, Monnerech, Munneref, Nidderaanwen, Noumer, Parc Housen, Péiteng, Pëtschent, Préizerdaul, Rammerech, Reckeng op der Mess, Réiden op der Atert, Réimech, Reisduerf, Réiser, Rëmeleng, Rouspert-Mompech, Sandweiler, Schëffleng, Schengen, Schëtter, Schieren, Sëll, Stadbriedemes, Stauséigemeng, Steesel, Stengefort, Stroossen, Suessem, Tandel, Useldeng, Veianen, Viichten, Wäiswampech, Wal, Waldbëlleg, Waldbriedemes, Walfer, Wanseler, Weiler zum Tuer, Wëntger, Wolz, Wuermer
Gegrënnt 31. Mäerz 1982
Websäit https://www.sigi.lu


De Syndicat intercommunal de gestion informatique, kuerz SIGI, ass e Gemengesyndikat zu Lëtzebuerg deen 1982 gegrënnt gouf[1].

Seng Aufgabe sinn d'Informatisatioun vun de Gemengen z'organiséieren a virunzedreiwen a se dobäi ze beroden, e gemeinsamen Datenzenter fir d'Gemengen unzebidden an hinnen dobäi hëllefen, hiren Internet-Site op- an auszebauen. Uganks huet de SIGI gehollef de Softwareprogramm Gescom z'entwéckelen, deen am Laf vum Joer 2020 duerch eng nei Software mam Numm Siginova ugefaange gouf ze ersetzen[2].

Mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg sinn all déi aner 101 Gemengen aus dem Land Member am SIGI. Do dernieft awer och nach ronn 60 Gemengesyndikater, 30 Aarmebüroen a knapps 540 Crèchen a Maison relaisen[3].

Zanter dem 13. Juli 2001 ass den Yves Wengler President vum SIGI. Éierepresident war bis zu sengem Doud de François Schaack, den éischte President an dem Yves Wengler säi Virgänger.

Legal Basis[änneren | Quelltext änneren]

De Syndikat gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 31. Mäerz 1982 autoriséiert[1].

Den Arrêté gouf duerno e puermol geännert a verbessert an zwar:

  • de 16. August 1984 (Mémorial B n° 54 vum 15. September 1984, Säit 856)
  • de 17. Juni 1986 (Mémorial B n° 34 vum 15. Juli 1986, Säit 708)
  • den 19. Juli 1991 (Mémorial B n° 37 vum 9. August 1991, Säit 742)
  • den 11. Januar 2005[4].

Lëscht vun de Membergemengen[änneren | Quelltext änneren]

Grënnungsgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Gemengen déi bäi koumen[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit koume follgend Gemengen dobäi:

No 1982 a virun 2005[5][änneren | Quelltext änneren]

2005 - 2015[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Arrêté grand-ducal du 31 mars 1982 autorisant la création d'un syndicat de communes pour l'organisation et la gestion d'un centre informatique intercommunal (S.I.G.I.).. legilux.public.lu (30.04.1982). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  2. Éischte Gemengeservice am SIGINOVA. www.sigi.lu. Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  3. À propos du SIGI. www.sigi.lu. Gekuckt de(n) 19.08.2020.
  4. Arrêté grand-ducal du 11 janvier 2005 portant modification des statuts du Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique, en abrégé S.I.G.I.. legilux.public.lu (07.06.2005). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  5. Déi Gemenge fir déi keng aner Referenz uginn ass, sinn no 1982 a virun 2005 Member ginn; se sinn als Membre adhérent an de Statute vun 2005 uginn
  6. Arrêté grand-ducal du 31 mars 2004 autorisant l'admission de la commune de Dudelange au syndicat intercommunal de gestion informatique. (S.I.G.I.). legilux.public.lu (05.05.04). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  7. Arrêté grand-ducal du 18 juillet 2003 autorisant l'admission de la commune de Heffingen au syndicat intercommunal de gestion informatique (S.I.G.I). legilux.public.lu (19.09.03). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  8. 8,0 8,1 8,2 8,3 Arrêté grand-ducal du 31 juillet 2015 autorisant l'adhésion des communes de Colmar-Berg, Fischbach, Goesdorf et Wahl au syndicat intercommunal de gestion informatique, en abrégé «S.I.G.I.». legilux.public.lu (30.09.15). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  9. 9,0 9,1 Arrêté grand-ducal du 24 juillet 2014 autorisant l'adhésion des communes de Diekirch et Mertzig au syndicat intercommunal de gestion informatique, en abrégé «S.I.G.I.». legilux.public.lu (29.09.14). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  10. Arrêté grand-ducal du 7 mars 2005 autorisant l'admission de la commune de Dalheim au syndicat intercommunal de gestion informatique (S.I.G.I.). legilux.public.lu (07.06.05). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  11. 11,0 11,1 11,2 Arrêté grand-ducal du 29 mars 2013 autorisant l'adhésion des communes de Koerich, Schieren et Waldbillig au Syndicat intercommunal de gestion informatique, en abrégé «S.I.G.I.». legilux.public.lu (27.05.13). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  12. Arrêté grand-ducal du 27 juin 2013 autorisant l'adhésion de la commune de Tuntange au syndicat intercommunal de gestion informatique, en abrégé «S.I.G.I.». legilux.public.lu (26.07.13). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
  13. Arrêté grand-ducal du 28 janvier 2015 autorisant l'adhésion de la commune de Walferdange au Syndicat intercommunal de gestion informatique, en abrégé «S.I.G.I.». legilux.public.lu (06.03.15). Gekuckt de(n) 18.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW