Syrdarja

Vu Wikipedia
De Laf vum Syrdarja duerch Zentralasien

De Syrdarja (usb. Sirdaryo, tadj. Сирдарё, kasach. Sırdarïya, russ. Сырдарья, algri. Jaxartes) ass en 2.212 km laange Floss an Zentralasien, deen an den Aral Séi leeft.

Quellflëss sinn Naryn a Karadarja, déi allebéid aus Kirgisistan kommen an an Usbekistan am Ferganadall tëscht den Tianshan an Alai-Bierger zesummelafen. Vun do aus fléisst de Syrdarja a westlecher Richtung duerch den Dall a passéiert dann um Ufank vum Kairakkum-Stauséi d'Grenz zu Tadjikistan. E bëssen ënner dem Stauséi leeft en alt nees op den Territoire vun Usbekistan, kënnt an d'Déifland vun Turan an dréit no Norden, fir spéider a Kasachstan ze fléissen. Do leeft en a Richtung Nordwesten a forméiert den Nordrand vun der Kysylkumwüst. Op senger Rees bewässert en déi fruuchtbaarst Kottengsregioun vu ganz Zentralasien. Dowéinst kënnt säi Waasser net méi d'ganzt Joer iwwer am Aral Séi un.

En extensive System vu Kanäl, vun deem der vill schonn am 18. Joerhonnert an der Zäit vum Khanat vu Kokand gebaut goufen, spaant sech iwwer déi ganz Regioun duerch déi de Floss leeft. Eng massiv Expansioun vun de Bewässerungskanäl an der Sowjetära, fir méi Kottengsfelder unzeleeën, huet ökologescher Problemer notamment fir den Aral Séi mat sech bruecht. Mä vue datt sech mëttlerweil Millioune vu Leit an der Kottengsregioun néiergelooss hunn a vun deem Sektor ofhänken, ass et praktesch onméiglech dës Situatioun nach eng Kéier ze rectifiéieren.

De Syrdarja bei Chudjand an Tadjikistan

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]