Täschhorn

Vu Wikipedia
Täschhorn
Thumb
Thumb

Täschorn mat hannendrun den Dom a riets den Alphubel
Land: CHECHE Schwäiz
Kanton: Valais
Héicht: 4.491 m
Biergmassiv: Mischabelgrupp
Walliser Alpen
Geographesch Koordinaten: 46° 05’ 01’’ N
      07° 51’ 26’’ O

D'Täschhorn ass e Bierg an de Walliser Alpen. En ass 4.491 Meter héich.

D'Täschhorn gehéiert zur Mischabelgrupp, déi no dem Monte Rosa dat zweethéchst Biergmassiv an der Schwäiz ass.

Et ass e Bierg, dee ganz schwéier eropzeklammen ass, a well den normale Wee iwwer de Mischabelscheet och ganz schwéier ass, gëtt dës Spëtz relativ wéineg begaangen.

Déi Éischt um Täschhorn waren den 30. Juli 1862 de Stefan a Johann Zumtaugwald, zesumme mat dem J. Llewelyn Davies, J.W. Hayward a Peter-Josef Summermatter, déi iwwer d' NW-Flank (Kinflank) vu Randa aus eropgeklomme sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut Dumler und Willi P. Burkhardt: Viertausender der Alpen. Bergverlag Rother, München 2001.
  • Hermann Biner: SAC Auswahlführer. Hochtouren im Wallis. Vom Trient zum Nufenenpass. SAC-Verlag. 3. Oplo 2002.
  • Michael Waeber:Gebietsführer Walliser Alpen. Bergverlag Rother, München 1999 (12. Oplo).