Téistuff (Caritas Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

D'Téistuff ass en Dageszentrum fir Leit ouni Ënnerdaach, deen 1986 vun der Caritas an d'Liewe geruff gouf. D'Téistuff steet an enker Verbindung mam Nuetsfoyer, dem Foyer Ulysse. Dofir ass si och am selwechten Haus op Nummer 3 um Leschte Steiwer, just mat separatem Agank.

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

An der Téistuff kënne sech all Dag tëscht 9.00 an 19.00 Auer, 80 bis 100 Mënschen ophalen, déi keen Daach iwwer dem Kapp hunn oder soss net wësse wou hin. Do kréie si eppes Waarmes z'iessen an ze drénken ugebueden. Si hunn och do d'Méiglechkeet, iwwer hir Erfarunge mat Aneren ze schwätzen an déi sanitär Ariichtungen ze benotzen.

D'Mataarbechter vun der Caritas bidden hinnen do eng Kontaktméiglechkeet. Am Dageszentrum „Téistuff" kréie si eng Chance fir an dat normaalt Liewen zeréckzefannen duerch Gespréicher an Orientéierung. Si kënne sozial, psychologesch sou wéi educativ gehollef kréien.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

An der Téistuff hunn d'Leit och d'Geleeënheet, sech ze beschäftegen. Zum Beispill kënnt eemol an der Woch de Georges Christen an d'Téistuff, fir mat hinnen am Fitnessraum ze trainéieren. Dëse Raum kann awer och vun auswäertege Leit benotzt ginn. Och aner Aktivitéite ginn ugebueden, wei zum Beispill Bastelatelieren. Ausserdeem gëtt et an der Téistuff och ee Comptoir, deen d'Leit selwer geréiere kënnen.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]