Télécran

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Logo (zënter 2007)

Télécran. Das Luxemburger Magazin ass den Numm vun enger lëtzebuergescher Zäitschrëft, déi den 21. Januar 1978 fir d'éischt erauskoum. Et ass en Televisiouns- a Fräizäitmagazine, deen am Ufank vun den Editions Plus erausgi gouf. Derhannert stounge fréier Mataarbechter vun der Revue; d'Sankt-Paulus-Dréckerei, déi e gdréckt huet, hat ee Fënneftel vum Kapital.

Am Oktober 1978 huet d'St.-Paulus-Dréckerei d'Zäitschrëft ganz iwwerholl, de Rémy Franck gouf Chefredakter. Mat der Revue louch den Télécran méi wéi eemol am Clinch - och alt viru Geriicht - ween déi héchsten Oplo hätt.

Chefredakter ass zënter 2008 de Claude François.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Zuelen

[änneren] Räichwäit

2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 34,3 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch den Télécran gelies. 2006/2007 waren dat der 33,60%; 2007/2008 31,80% an 2008/2009 31,50%.[1] D'Zuele fir 2009/2010 goufe bis op weideres net public gemaach.[2]

[änneren] Pressehëllef

2009 huet den Télécran 375 763 € staatlech Pressehëllef kritt.[3]

[änneren] Oplo

Verkaaften Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[4]

uganks 2000 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0004. Tr. 2010000
37.357 ... 33.485 32.760 32.534 31.846 31.734

[änneren] Soss

[änneren] De Layout

De Layout gouf mat der Nummer vum 2. Mee 2007 fir d'lescht geännert. D'Format gouf e bësse vergréissert, en neit Schrëftbild a "großzügige Freiflächen" goufen ageriicht.

[änneren] Kuriéises

De Begrëff "Télécran" ass e Konschtwuert, dat an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four, fir den englesche Begrëff telescreen fir d'éischt gebraucht gouf. Gemengt dermatter sinn do eng Zort Iwwerwaachungs-écranen, déi gläichzäiteg Videobiller senden an Iwwerwaachungskamera sinn.

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  2. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  3. Rapport d'activités vum Ministère de l'Etat 2009, S.23.
  4. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäiluecht Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäiluecht "Communication, S.8.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen