Televisioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Tëlee)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Aféierung [änneren]

Ënnert der Fernsehtechnik versteet een déi Technik, déi hannert der Televisoun stécht. D'Prinzip vun den Fernsehtechnik baséiert op der Wiedergabe vun Eenzelbiller, déi séier hannertenee gewisen, zu enger Bewegung ginn.

Fir datt d'A eng méiglechst fléissend Bewegung gesäit, musse mindestens 20 Biller pro Sekonn (B/s) ugewisen. Allerdéngs gouf fir Fernsehiwwerdroungen an Europa 25, an Amerika 30 Biller pro Sekonn gewielt.

Doduerch stellt sech awer en Problem: et entsteet e Flimmeren. Fir dëst Problem ze ëmgoen, gouft d'Zeilesprongverfahren entwéckelt. De Problem hätt een och nach aanescht léise kënne, beispillsweis doduerch datt een 50 Biller pro Sekonn ugewisen hätt. Dat hätt allerdéngs d'Bandbreed ze vill vergréissert. Och dat duebelt Uweisen vun engem Bild hätt de Problem vum Flimmeren ënnerdréckt, mä dofir hätt all Bild misse kuerzzäiteg tëschegespäichert ginn, wat deemools allerdéngs nach technesch ze opwänneg war.

Bildoftaaschtung an Iwwerdroung [änneren]

Bildoftaaschtung an Iwwerdroung

D'optëscht Signal vun der Bildvirlag gëtt vun engem Bildaufnehmer (optesch-elektreschen Wandler) erfaasst, an en elektrescht Signal ëmgesat an dem Bildwiedergabegerät (elektresch-opteschen Wandler) zougefouert.

Well dat komplett Bild awer net an enger Kéier iwwerdroe ka ginn, gëtt et vum Bildaufnehmer a vill kleng Bildpunkten, Pixelen, opgedeelt. E Pixel ass déi klengst Fläch bei der Bildzerdeelung, wou selwer keng Fuerwënnerscheeder méi méiglech sinn.

D'Prinzip vun der Bildoftaaschtung ass datselwecht wéi beim Liesen vun engem Buch. Et fänkt een um ieweschte lénkse Billerrand an et iwwerdréit een zeilenweis een Pixel nom aneren. No engem Zeilelaf, vum lénkse bis zum rietse Bildrand, gëtt d'Oftaaschtung ausgeschalt a ganz séier zum lénkse Bildrand zréckgefouert. Hei schwätzt een vum Zeilerécklaf oder vun der Zeilenaustaaschtung.

Nieft der horizontaler Oftaaschtung gëtt et eng vertikal Oftaaschtung. Ass den ënneschte Bildrand erreecht, geet et erëm séier un den ieweschte Bildrand zréck. Dëst nennt ee Vertikalrécklaf oder Vertikalaustaaschtung.

Commons: Televisioun – Biller, Videoen oder Audiodateien