Tëntesmillen

Vu Wikipedia
Tëntesmillen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Tintesmühle
de: Tintesmühle, Tentismühle[1]
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 5
  01.07.2021[2]
Koordinaten 50° 05’ 37’’ N
      06° 07’ 34’’ O
Den däitschen Numm vun der Tëntesmillen an der Lëtzebuerger…
… an an der däitscher Variant.

Tëntesmillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Klierf a gehéiert zu der Kadastersektioun Kaalber. Op der Landkaart fënnt een se ënner dem Numm Tintesmillen; an Däitschland gëtt se Tentismühle genannt[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Tëntesmillen ass an der 5. Generatioun am Besëtz vun der Famill Schroeder. Si gouf 1853 vum Ur-Urgrousspapp vun der haiteger Besëtzerin, der Germaine Bertemes-Schroeder, opgeriicht. Den Numm krut se well den éischte Besëtzer aus Tëntesse vu Kaalber koum. 1972 gouf de Millebetrib op Campingtourismus ëmgestallt. D'Mille gouf 1976 als Wiertschaft ëmgebaut.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Tëntesmillen läit am Dall vun der Our, ronn 1,5 km südëstlech vu Kaalber, an ongeféier 150 Meter vun der Plaz ewech wou d'Feierbech an d'Our leeft.

Op d'Tëntesmille kënnt e vu Kaalber aus iwwer den CR339 dee bis op déi däitsch Grenz op der Our geet.

Vun der däitscher Säit kënnt en dohi vun Dahnen aus iwwer d'Kreisstrasse 148.

Millebetrib[änneren | Quelltext änneren]

De Millegruef hat eng Längt vu ronn 700 Meter. En hat säin Ufank um Nordhank vum Kazeknapp wou nach Iwwerreschter vum Wier op der Our ze gesi sinn. De Gruef ass hautdesdaags dréchen an deelweis zougetippt, awer de Verlaf ass um Terrain nach gutt z'erkennen. D'Bréckelchen um CR339 wou de Gruef drënner erduerch gaangen ass, besteet nach.

Et ass haut net méi um Terrain festzestellen op d'Feierbech, där hire Laf am rechte Wénkel vum Millegruef geschnidde gouf, fréier ënner oder iwwer dem Gruef weidergelaf ass, oder ob se och an de Gruef gelaf ass.

D'Mille selwer ass an engem gudden Zoustand a bewunnt. D'Wunngebaier an d'Scheiere si komplett renovéiert an op de Wisen donieft ass e Camping. Vun den eigentleche Milleninstallatiounen ass vu baussen näischt méi ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 „Tentismühle” steet um Weeweiser zu Dahnen an deen Numm gouf op Nofro och vun der Verbandsgemeindeverwaltung Arzfeld confirméiert (14.07.21)
  2. Statistiques sur la population. www.clervaux.lu (01.07.2021). Gekuckt de(n) 04.07.2021.