Tûron

Vu Wikipedia
Tûron
Den Tûron a sengem Dall
Längt 6 km
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Originn
Originn Quell
Plaz Hauregard La Reid
Héicht 340 m
Konfluenz
Leeft an de Wayai
Plaz Spixhe
Moulin de la Gouché
Héicht 185 m
Geographie
Land Belsch
Uertschaften La Reid, Spixhe

Den Tûron och Ruisseau de Tûron oder Ruisseau de la Reid ass eng kleng belsch Baach an der Gemeng Theux an der Provënz Léck. Et ass e lénksen Niewefloss vum Wayai.

D'Baach entsteet weestlech vu La Reid aus dem Zesummelaf vun e puer Grief déi vu Quellen (op d'mannst 7) oder Resurgenze gefiddert ginn, wouvun der awer eigentlech nëmmen dräi als relevant ugesi kënne ginn. Et ass eng Baach aus der Frelleregioun.

D'Anzuchsgebitt vum Tûron erstreckt sech iwwer d'Uertschafte La Reid, Fraineux, Hestroumont an eng Partie vu Becco dat um Scheet vum Dall vum Tûron an deem vum Targnon läit. Wéi vill Däller an der Géigend ass seng Orientatioun Südwest/Nordost. Den Dall läit am westlechen Deel vun enger spezieller geologescher Formatioun déi e groussen Afloss op d'Landschaft an de Relief huet, déi sougenannt Fënster vun Theux. Dat speziellt dorun ass datt een do Kalleksteng fënnt, an dat an enger Géigend vun den Ardenne wou et eigentlech keng sollt ginn. Wéinst deem Kallekvirkommen gëtt et dann och Chantoire wéi z. B de Chantoir du Fond des Puits a Resurgenze wéi déi vun Hestroumont, wat mat sech bréngt datt d'Baach wa se net vill Waasser féiert, plazeweis eidel leeft.

Chaînage[änneren | Quelltext änneren]

Baseng Niewewebaseng Direkt Nieweflëss Rang 3 Rang 4 Rang 5 Rang 6
Meuse Ourthe Weser Hoëgne Wayai Tûron Ruisseau de Jahoster
Ruisseau des Cours

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]