T-Tauri-Stär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
T-Tauri-Stär

T-Tauri-Stäre (TTS) si jonk Stären am Alter vu manner wéi eng Millioun Joer, déi d'Spektralklass F bis M an eng Mass tëschent 0,07 an 3 Sonnemassen hunn. An hirem Kär gëtt et nach keng oder eréischt zënter kuerzem thermonuklear Reaktiounen. Esou ee Stär ass nach net am hydrostatesche Gläichgewiicht, wouduerch en zu méi oder manner heftegen Ausbréch tendéiert. Staark bipolar Stréimungen triede mat e puer honnert Kilometer pro Sekonn aus hirem Kär eraus; do, wou d'Jets Schockfronte formen an den interstellare Gas ophëtzen, kënnen Niwwelen déi liichten, sougenannt Herbig-Haro-Objeten, observéiert ginn.

T-Tauri Stäre sinn an der Regel am Kär vun dichten, interstellare Wolleken niewent jonke Stäre vun de Spektralklassen O a B ze fannen. Trotz hirer fréier Entwécklungsphas sinn T-Tauri Stäre méi liichtkräfteg wéi Haaptreiestären, déi déiselwecht Temperatur hunn. Hir Spektre hunn heiansdo e puer staark Emissiounslinnen, déi aus engem dënne Gasmantel stamen, dee ronderëm déi Stären ass. Besonnesch an der Rho-Ophiuchus-Stëbswollek gouf eng grouss Zuel vun dëse Stären opgrond vun hirer staarker Infraroutemissioun fonnt. Lokal Verbänn aus T-Tauri-Stäre ginn als T-Assoziatioune bezeechent. Dacks ginn dës Stäre vun enger zirkumstellarer Scheif ëmkreest, déi als Virleefer vu Planéitesystemer ugesi gëtt.

De Prototyp vun dëser Stäreklass ass T Tauri, en irreguläre Verännerlechen an enger donkler Stëbswollek am Stärebild Taurus (Stéier).

Inhaltsverzeechnes

Zirkumstellar Scheiwen [änneren]

All T-Tauri-Stäre weisen en Infraroutexzess opgrond vun enger zirkumstellarer Scheif mat Ofmiessunge vun e puer honnert Astronomeschen Eenheeten. D'Scheif entsteet automatesch als eng Folleg vum Dréiimpuls an der Molekülwollek aus där sech de Stär entwéckelt huet. Wéinst Pirouetteneffet bei der Kontraktioun vun der Molekülwollek duerchleeft d'Matière eng Scheif an an dëser gëtt duerch Reiwung en Deel vum Dréiimpuls ofgebaut. Am Laf vun der Entwécklung léist sech d'Scheif op duerch:

Doduerch entstinn an de zirkumstellare Scheiwen Zone mat manner Matièredicht. Dobäi handelt et sech ëm en zentraalt Lach mat engem Duerchmiesser vun e puer Astronomeschen Eenheeten dee wiisst, souwéi Réng an deenen Exoplanéite Matière akkretéiert hunn. No e puer Millioune Joer bleift eng reng Stëbsscheif zréck wéi bei der Vega a bei Beta Pictoris, déi sech am Laf vun der Zäit duerch Stralungsdrock komplett opléisen.

Verännerlechkeet [änneren]

Bal all T-Tauri-Stäre weise souwuel eng zyklesch wéi och eng onregelméisseg Verännerlechkeet an hirem Liichtbou. Déi onregelméisseg Hellegkeetsännerunge sinn eng Folleg vu Schwankungen am Akkretiounskoeffizient vun de Virhaaptreiestären. D'thermesch Stralung déi duerch den Afall vu Matière op d'Uewerfläch vun den T-Tauri-Stäre fräigëtt, stellt en erhieflechen Undeel am Stralungshaushalt duer. Déi zyklesch Komponent kann d'Folleg vun engem Ëmlaf vu Brochstécker aus zirkumstellare Material ëm de jonke Stär sinn, deen zu enger Aart Bedeckungsliichtwiessel féiert. En deelweis observéierte Rotatiounsliichtwiessel gëtt dogéint mat donkle Stäreflecken op de schnell rotéierende jonke Stären a Verbindung bruecht.

Doniewent kann déi magnéitesch Aktivitéit vun den T-Tauri-Stären och zu am Wäissliicht observéierte Flares, vergläichbar mat de Sonneneruptiounen an den Ausbrëch vu Flare-Stären, féieren. D'Flares kënnen och am Beräich vun der Röntgenstralung nogewise ginn, mat enger Leeschtung vu bis zu e puer 1032 erg/Sekonn.

Zwou Klasse vun eruptiv verännerleche Stäre, d'FU-Orionis-Stären an d'EX-Lupi-Stären, sinn ähnlech wéi d'T-Tauri-Stären. D'FU-Orionis-Stäre sinn virun hiren Ausbrëch T-Tauri-Stären an entwéckele sech während dem Ausbroch zu F-G Iwwerrisen am Opteschen an am Infrarouden wéi déi vun engem Roude Ris. D'Ausbrëch daueren e puer Joerzéngten un a ginn als en Opliichten un der Akkretiounsscheif ähnlech den Zwergnovaeruptioune gedeit. Och d'EX-Lupi-Stäre sinn vir an no dem Ausbroch net z'ënnerscheede vun aneren T-Tauri-Stären. Si weisen en K-M Spektrum an d'Dauer vun den Eruptioune läit an der Gréisst vu Méint bis Joer. Während de Rouphase läit d'Akkretionsrat bei 10−7 Sonnemasse pro Joer. An der Ausbrochsphas klëmmt d'Rat ëm e Faktor 1000 un a féiert zu dem Opliichte vun der Pseudophotosphär.

Spektrum [änneren]

T-Tauri-Stäre weisen eng Spektralklass spéider als F. Weiderhinn ass en héijen Undeel u Lithium charakteristesch fir dës jonk Stären. D'Element Lithium duerchleeft scho bei Temperaturen bannent der Grenz fir d'Waasserstoffbrennen thermonuklear Reaktiounen. Well den Energietransport an den T-Tauri-Stären nach bal vollstänneg duerch Konvektioun geschitt, ass Lithium am Haaptreiestadium kaum nach nozeweisen.

Weiderhi gëtt ënnerscheet tëschent:

  • klasseschen T-Tauri-Stären (cTTS) an
  • Weak-Line-T-Tauri-Stären („emissiounslinneschwaach“ T Tauri-Stären; wTTS).

Magnéitfelder [änneren]

De Modell vun der magnéitosphärescher Akkretioun gouf entwéckelt no der Observatioun vu Magnéitfelder an der Gréisst vun e puer Dausend Gauß un der T-Tauri-Stärenuewerfläch unhand vum Zeeman-Effet. D'Magnéitfeld dréngt an déi zirkumstellar Scheif an an dominéiert an engem Ofstand vun e puer Stäreradien d'Akkretioun vun der Matière aus der Scheif. Dës fléisst dobäi laanscht de Magnéitfeldlinnen op d'Pole vum Magnéitfeld. Déi nogewisen Absorptiouns- an Emissiounslinne vun den T-Tauri-Stäre kënnen duerch de Modell vun der magnéitosphärescher Akkretioun gutt erklärt ginn. Dat staarkt Magnéitfeld vun den T-Tauri-Stäre gëtt mat der héijer Rotatiounsvitesse vun de jonke Stäre a Verbindung bruecht opgrond vun der Akkretion. Nom Opléisen vun der Akkretiounsscheif zerfällt d'stellaart Magnéitfeld an e puer Millioune Joer an erreecht nëmmen nach Wäerter ëm e puer Gauß.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie