Transport express régional

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) TER)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
TER-Logo op engem Zuch

Transport express régional an den Akronym dovun TER ass en Zuchkonzept vun der franséischer staatlecher Eisebunn SNCF, an deen och Autobuslinnen agebonne sinn.

Den TER-System erlaabt et der SNCF, de franséische Persounenzuchverkéier a Regiounen opzedeelen. Op déi Manéier huet all administrativ Regioun eng eegen Direction d'Activité TER.

D'Gare Lëtzebuerg gehéiert mat zum Reseau vum TER Loutrengen, deen en eegenen Numm huet, Métrolor. Déi Linn féiert vun Nanzeg, iwwer Pont-à-Mousson, Metz, Diddenuewen, op Lëtzebuerg.