TLF
TLF (Ofkierzung fir dat däitscht Tanklöschfahrzeug), deemno en Tankwon, ass e Pompjeesgefier, dat mat engem grousse Läschwaassertank équipéiert ass, fir an engem Asazfall eng séier Éischtbrandbekämpfung ouni Waaserversuergung duerchféieren ze kënnen. Zu Lëtzebuerg existéieren, am Géigesaz zu Däitschland 'wéinst der DIN-Norm), esouwuel Tankween mat Truppbesatzung, ewei och mat Staffelbesatzung.
Inhaltsverzeechnes |
Asazgebitt [änneren]
Tankween (TLF) hunn e Läschwaassertank an eng fest agebaute Pompel, fir an Asazsituatioune séier agräifen an en Éischtugrëff duerchféieren ze kënnen. Si ginn och agesat, fir, am Pendelverkéier mat méi Asazween, ofgeleeënen Asazplaze mat Waasser ze versuergen, an och, no entspriechender Behandlung vum Tank, fir den Drénkwaassertransport.
Zu Lëtzebuerg hunn dee gréissten Deel vun de Corpsën am Land, (Fräiwëllege Pompjeeën, mä och Wierkspompjeeën, Fluchhafepompjeeën a Beruffspompjeeën) een oder méi TLF-Ween.
Pompjeestechneschen Opbau [änneren]
Doduerch datt sech zu Lëtzebuerg net u bestëmmt Normen am Pompjeestechneschen Opbau muss gehale ginn, hunn d'Corpsen hir Asazween mat engem TLF op d'Mooss a jee no Gebrauch, complétéiert.
Zu de bekanntsten a gréisste spezialiséierte Firmen am pompjeestechneschen Opbau gehéieren:
- Schmitz (D)
- Rosenbauer (A)
- Metz (D)
- Vanassche (B)
- Albert Ziegler GmbH & Co. KG vu Giengen an der Brenz a Baden-Württemberg
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Tanklöschfahrzeug – Biller, Videoen oder Audiodateien |