Taass
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Kaffistaass, resp. eng Taass Kaffi.
Eng Taass ass en Drénkgeschier, un deem eng Hänk drun ass.
Tase si meeschtens aus Parzeläin oder Keramik, a gi gebraucht fir waarmt Gedrénks, wéi Téi oder Kaffi, draus ze drénken. Dacks gëtt et fir eng Taass och eng Ënnertaass, d.h. e klengen Tellerchen, mat an der Mëtt enger Klenger Kaul an der Gréisst vun der Basis vun der Taass, dee geduecht ass, fir d'Taass dropzestellen, a verhënnere soll, datt ee sabbelt.
[änneren] Kuckt och
| Commons: Tea cups – Biller, Videoen oder Audiodateien |