Tageblatt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'En-tête
Titelblat vun der éischter Nummer vum 01.07.1913
De Sëtz vum Tageblatt zu Esch-Uelzecht.

D'Tageblatt ass eng Lëtzebuerger Dageszeitung. Si ass fir d'éischt den 1. Juli 1913 als "Escher Tageblatt, demokratisches Organ für die Interessen des Kantons Esch" erauskomm. Haut ass hiren Ënnertitel "Zeitung fir Lëtzebuerg".

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Gegrënnt gouf d'Tageblatt vum Paul Schroell. Et koum ufanks am Escher Druckerei- und Zeitungsverlag eraus, Chefredakteur war de Frantz Clément, méi spéit de Gust van Werveke. Eng Zäit laang gouf et Nieweneditiounen, déi "Luxemburger Tageblatt" an "Differdinger Tageblatt" houschen.

1927 huet de Paul Schroell d'Dréckerei an d'Editioun un déi fräi Gewerkschafte verkaaft. D'Dréiergesellschaft huet haut den Numm Editpress.

Zuelen [änneren]

Räichwäit [änneren]

2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 16,4 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d' Tageblatt gelies. 2006/2007 waren et der 15,10%; 2007/2008 14,10% an 2008/2009 13,85%.[1] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[2] 2011 waren et 13,30 %[3]

Pressehëllef [änneren]

2011 huet d'Tageblatt 1 650 446 € staatlech Pressehëllef kritt.[4]

Oplo [änneren]

Verkaaften Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[5]

uganks 2000 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009 000 0004. Tr. 2009000 000 2. Tr. 2010 000 000 4. Tr. 2010 000 ... 000 2. Tr. 2012 000
17.252 ... 16.193 15.855 15.434 15.077 14.951 ... 14.028

Literatur [änneren]

  • Scuto, Denis: "1913: la naissance d’un grand quotidien de la gauche au Luxembourg: 'Escher Tageblatt - demokratisches Organ für die Interessen des Kantons Esch'."In: Tageblatt: 85 Jahre Tageblatt. Nr. 148 (30. Juni 1998), S. 5-11.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  2. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  3. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  4. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
  5. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäiluecht Communication, S. 10; dees.:"Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5; dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäiluecht Communication, S.8; an dees.: "Der zögerliche Absched der Parteiblätter." d'Lëtzebuerger Land Nr.38., 21. September 2012, S.6.