Taifun Cobra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Taifun Cobra war en tropeschen Zyklon, deen den 18. Dezember 1944, an der Zäit vum Zweete Weltkrich der Task Force 38 vun der US-Pazifikflott ënner dem Admirol Halsey eng ronn 200 Séimeilen ëstlich vun de Philippinen schwéiere Schued gemaach huet. Am Stuerm sinn dräi Zerstéirer gekentert, a vill aner Schëffer goufe beschiedegt.
Vun de Besatzunge goufen 80 Mann blesséiert, an et koumen der 790 ëm d'Liewen.
| Commons: Typhoon Cobra (1944) – Biller, Videoen oder Audiodateien |