Taina Bofferding

Vu Wikipedia
Taina Bofferding
Gebuer 22. November 1982
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément,
Universitéit vun Tréier
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler, Erzéier
Partei LSAP
Member vun OGBL

D'Taina Bofferding, gebuer den 22. November 1982[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (LSAP).

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No 3 Joer Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht huet si eng Formatioun als Educatrice gemaach an duerno e Masterdiplom a Sozialwëssenschaften op der Universitéit vun Tréier.

Si huet bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 am Walbezierk Süde kandidéiert. Si gouf net direkt gewielt, ass dunn awer de 5. Dezember 2013 amplaz vun der Lydia Mutsch, déi Ministesch gouf, nogeréckelt[2]. Bei de Chamberwale vum Oktober 2018 gouf si net erëmgewielt, gouf awer de 5. Dezember 2018 Inneministesch a Ministesch fir Chancëgläichheet an der Regierung Bettel-Schneider/Kersch-Braz/Bausch.

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si nees an d'Chamber gewielt, wou si Fraktiounspresidentin vun der LSAP ass.

Donieft war d'Taina Bofferding bis Enn 2018 Gemengeconseillère an der Gemeng Esch-Uelzecht, huet als Gewerkschaftssekretärin beim OGB-L geschafft[3] a war Vizepresidentin vun der AHA[4].

Vum Mäerz 2014[5] bis Januar 2019 war si Vizepresidentin vun der LSAP.[6].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Josée Hansen: "Oublier les trahisons." in: d'Lëtzebuerger Land 20. April 2018, Nr.16, S.6; och op land.lu (gekuckt 2021-11-06).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Taina Bofferding – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun der LSAP mat de Kandidaten aus dem Walbezierk Süde fir d'Parlamentswale vun Oktober 2013
  2. "Assermentation de 25 nouveaux députés." op chd.lu, gekuckt 2013-12-05.
  3. Facebooksäit Taina Bofferding, gekuckt 2013-12-05
  4. "Taina Bofferding, Vizepresidentin" op aha.lu, gekuckt 2013-12-05.
  5. "LSAP: Claude Haagen neie Parteipresident." rtl.lu, 30.03.2014, 18:26:15.
  6. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.