Takao Kobayashi

Vu Wikipedia

Den Takao Kobayashi, gebuer am Joer 1961 ass ee japaneschen Amateurastronom.

De Kobayashi huet um Oizumi-Observatoire ënner Uwendung vun CCD-Technik bi elo wäit iwwer 2000 Asteroiden entdeckt, dorënner och e puer Jupiter-Trojaner an äerdno Asteroide vum Typ Amor, z. B. den (7358) Oze. Him selwer ass den Asteroid (3500) Kobayashi gewidmet ginn.

Mat deem no him genannte periodesche Koméit P/1997 B1 (Kobayashi) ass dem Kobayashi e weideren Erfolleg gelongen: Am Ufank als Asteroid agedeelt, hu weider Observatioune gewisen, datt et awer e Koméit ass. De P/1997 B1 (Kobayashi) ass domat den éischte Koméit, dee jee vun engem Amateurastronom mat enger CCD-Kamera entdeckt gouf.

Den Takao Kobayashi ass Professer an der Interdisciplinary Graduate School of Science and Engineering am Tokyo Institute of Technology an huet ausserdeem an eng héich Positioun bei der 'Mitsubishi Chemical Holdings Corporation (fréier: Mitsubishi Chemical Corporation).