Talence

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Talence
Eglise de Talence.jpg
D'Kierch vun Talence bei Nuecht
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Wope vun der Regioun Aquitaine Aquitaine
Departement Blason département fr Gironde.svg Gironde
Arrondissement Bordeaux
Kanton Talence
Code Insee 33522
Postcode 33400
Koordinaten 44° 48' 00" N
00° 35' 02" O
Fläch Uertschaft  828 ha
Bevëlkerung Uertschaft  42 293 (2009)

Talence ass eng Stad am Südweste vun Frankräich an der Regioun Aquitaine. Si ass e Viruert vu Bordeaux an ass mat iwwer 40.000 Awunner, no Bordeaux, Mérignac a Pessac, déi véiertgréisst Stad vun der Gironde.

Talence ass och de Chef-lieu vum Canton de Talence.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Talence läit am Süde vun der Agglomeratioun Bordeaux an ass ëmgi vun de Stied vun der Communauté urbaine de Bordeaux, Pessac, Bègles, Gradignan a Villenave-d'Ornon.

Geschicht [änneren]

Den Territoire vun Talence war laang mat Bësch bedeckt, an deem vereenzelt Wëllschwäin gelieft hunn. Dëse Bësch soll och um Urspronk vum Numm "Talence" sinn: d'Wuert "Tala" huet d'Holzschloe bezeechent. Am 13. Joerhonnert hu sech dunn noeneen d'Nimm "Talanssa", "Talencia" an "Talance" entwéckelt.

Talence war eng Uertschaft, déi ëmmer erëm a Kricher ausgeplënnert an zerstéiert gouf, an huet sech eréischt richteg am 17. Joerhonnert entwéckelt. D'Proximitéit vun Talence zu Bordeaux an d'Presenz vun dräi groussen an relativ sécheren Handelsstroossen, d'Stroosse vun Toulouse, Bayonne a La Teste, hunn déi räich Bourgeoisie vu Bordeaux ugezunn, vun deenen der vill sech grouss Schlässer baue gelooss hunn, wéi zum Beispill de Banquier Samuel Charles Peixotto.

Trotzdem bleift Talence éischter eng ländlech Géigend. Et ass eréischt um Enn vum 19. an am Laf vum 20. Joerhonnert, datt Talence sech als Stad affiméiert huet a verschidden industriel Aktivitéite sech entwéckelt hunn.

An den 1970er an 1980er Joren ass d'Industrie aus Talence verschwonnen an et sinn haaptsächlech Wunnquartieren iwwreg bliwwen.

Wope vun Talence

Wopen [änneren]

Um Wope vun Talence steet: "D'or, aux talles de sinople posées sur une terrasse du même, au sanglier de sable défendu et allumé de gueules brochant sur les tiges".

Um Wopen (gréng, schwarz, gold), gesäit een e Bam mat zwéi groussen Äscht ("talles"), déi op den Numm "Talence" hiweisen, an e Wëllschwäin, well fréier déi räich Leit vun Bordeaux op Talence joe komm sinn.

Economie [änneren]

De gréissten Deel vun de Betriber zu Talence kënnt aus dem Tertiäre Secteur. Landwirtschaft gëtt et quasi keng an d'Industrie ass nëmme schwaach vertrueden. De Chômage huet 1999 14 % erreecht (12,9 % fir ganz Frankräich).[1]

  • Primäre Secteur: 0,1 %
  • Industrie: 9,2 %
  • Tertiäre Secteur: 90,7 %

Demographesch Evolutioun [änneren]

        Joer         Awunner
1793 1.489
1800 1.181
1806 1.340
1821 1.194
1831 1.322
1836 1.288
1841 1.232
1846 1.402
1851 1.434
1856 1.693
1861 2.430
1866 2.577
        Joer         Awunner
1872 3.604
1876 3.873
1881 4.621
1886 6.642
1891 7.921
1896 9.221
1901 11.227
1906 11.832
1911 13.224
1921 15.823
1926 17.130
1931 18.944
        Joer         Awunner
1936 20.380
1946 21.650
1954 22.695
1962 25.874
1968 29.161
1975 34.127
1982 34.692
1990 34.485
1999 37.210
2009 42.293

Quell: INSEE

Repartitioun [änneren]

  • Undeel vu Männer a Fraen (Schätzung vun 2005, Quell: INSEE):
Geschlecht Talence
(2005)
Frankräich
(2005)
Talence
(1999)
Männer
46 %
48,3 %
47 %
Fraen
54 %
51,7 %
53 %
  • Undeel vun de verschiddenen Altersklassen (Schätzung vun 2005, Quell: INSEE):
Altersgklass Talence
(2005)
Frankräich
(2005)
Talence
(1999)
Ënner 19 Joer
23 %
25,4 %
20,2 %
Zwëschent 20 an 39 Joer
38 %
26,6 %
40 %
Zwëschent 40 an 59 Joer
23 %
27,7 %
21,4 %
Iwwer 60 Joer
16 %
20,3 %
19,4 %
Den Tram zu Talence (Statioun Forum)

Infrastruktur [änneren]

  • En Deel vum Universitéitsdomaine vu Bordeaux läit zu Talence, ënner anerem d'Université Bordeaux I, den Institut polytechnique de Bordeaux an en Deel vun der Université Bordeaux II.
  • De Stade Pierre Paul Bernard an de Stade nautique Henri Deschamps sinn zu Talence.
  • Talence gehéiert zur Communauté urbaine de Bordeaux (CUB) an ass iwwert d'Linn B: Pessac Centre ↔ Claveau / Bassins à Flot vum Tram vun der CUB mat Pessac a mat dem Stadzentrum vu Bordeaux verbonnen.

Partnerschafte mat auslännesche Stied [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. http://www.linternaute.com/ville/ville/emploi/33443/talence/
Commons: Talence – Biller, Videoen oder Audiodateien