Tambow

Vu Wikipedia
Tambow
Land Russland
Federatiounskrees Zentralrussland
Status Oblast
Regioun Tambow
Gegrënnt 1636
Awunner 289.701 (1. Januar 2021)
Fläch 91
Koordinaten 52°43'23"N, 41°27'14"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 4752
Postcode 392000
Websäit http://city.tambov.gov.ru


Tambow (op Russesch: Тамбов, op Mokschanesch: Томбу) ass d'Haaptstad vum Oblast Tambow am Zentralrussesche Federatiounskrees a Russland. Si läit 419 km südëstlech vu Moskau um do nach relativ klenge Floss Zna.

D'Stad huet eng 290.000 Awunner (Stand 2016)[1] an eng Fläch vun 91 km².

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tambow gouf de 27. Abrëll 1636 vum russesche Woiwod (Herzog) Roman Boborykin gegrënnt,[2] als Deel vun engem Festungsrank dee Moskau am Süden a Südoste virun Ugrëff vun den "Tataren" (Gëllen Hord) schütze sollt.

1719 krut se de Status vun enger Stad.

Wärend dem Biergerkrich koum et 1920-1921 zu engem grousse Bauerenopstand, deen als Widerstand géint d'Requisition vu Fruucht ugefaangen huet, mä deen awer vun der bolschewistescher Rouder Arméi bluddeg néiergeschloe gouf.

D'Lëtzebuerger am Gefaangenelager zu Tambow[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich, vun 1943 un, goufen an d'Krichsgefaangenelager Tambow-Rada Nr.188 ronn 10.000 Krichsprisonnéier vun 13 Natioune bruecht, déi do ënner mënschenonwierdege Konditioune bis zur hirer Fräiloossung a Braken hanner pickegem Drot agespaart waren. Dorënner vill Zwangsrekrutéiert aus Loutrengen, dem Elsass an och 1.004 Lëtzebuerger.

Plack vun der Amicale Tambow um Märeler Kierfecht

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zwangsrekrutéierten (Lëtzebuerg).

Si hunn do wéinst Keelt an Honger, Entbierungen a Krankheeten, schwéier gelidden. Dausende sinn ëmkomm an och 167 Lëtzebuerger hunn do hiert Liewe misse loossen, a goufen do begruewen.

Nom Enn vum Krich goufen d'Lëtzebuerger an e puer Convoie vun Tambow heem bruecht: Den 3. August 1945 sinn 200 Kranker heembruecht ginn. Am September 1945 goufen aner 600 Lëtzebuerger aus dem Lager vun Tambow op Lëtzebuerg zeréckbruecht. Der deemoleger Lëtzebuerger Regierung gouf nom Krich staark Virwërf gemaach, datt si net genuch fir déi Tambower Jonge gemaach hätt. Eréischt am Mee 1945 war si eppes vun der Presenz vu Lëtzebuerger Krichsprisonnéier zu Tambow gewuer ginn.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

An der Mëtt vum 18. Joerhonnert war Tambow den Handels- a Wirtschaftszentrum vum ganze landwirtschaftlechen Terrain ronderëm. De Wope mam Beiestack geet net nëmmen op dee viraals wéinst senger héijer Qualitéit faméisen Hunneg vum Tambower Land zeréck, mä steet symbolesch och fir haart Aarbecht a Fläiss déi der Stad Räichtum bruecht hunn.

D'Industrie huet sech a gréisserem Ausmooss eréischt an der Zäit no der Oktoberrevolutioun 1917 entwéckelt. Hautesdaags ass Tambow awer héich industrialiséiert, mat als wichtegste Branchen d'Chimie- an Elektroindustrie.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Kasaner Klouschter aus dem 17. Joerhonnert an d'Verklärungskathedral aus dem 18. Jh., sowéi aner Kierchen aus dem 18. an 19. Joerhonnert, weisen op d'Vergaangenheet vun Tambow als spirituellen Zentrum hin.

Ernimme kann een och d'Oper an d'Konschtgalerie vun Tambow.

Um Krichsgefaangenekierfecht Tambow-Rada leie 24.000 Gefaange begruewen.

Zu Tambow gëtt et dräi Universitéiten a véier Instituter.

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tambow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2016-04-18. Gekuckt de(n) 2016-06-25.
  2. http://rusplt.ru/wins/tambov--platsdarm-dlya-russkogo-nastuplenie-na-dikoe-pole-23784.html