Tandur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel zum Thema Gastronomie an Iessen ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Tandur, op Hindi तंदूर, op Urdu تندور, béides: Tandūr, op Tierkesch Tandır an op Englesch Tandoor, ass e spezielle Bakuewen aus der indescher Kichen, dee mat Holzkuel gehëtzt gëtt. E besteet aus engem groussen zylindresche Krou aus Lehm, deen am Buedem versenkt oder mat enger Schicht aus Speis isoléiert ass. D'Holzkuel gëtt am Fong ugefaang an den Uewe gëtt mindestens zwou Stonnen virgehëtzt.
Am Tandur gëtt d'Fladenbrout Naan an Chapati gebak, andeems et un déi waarm Säitewänn gedréckt gëtt. Doriwwer eraus gi Fleeschstécker op Spiisser gestach an an den Uewe gestallt, sou datt se deen néidegen Ofstand zur Glous hunn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Tandur – Biller, Videoen oder Audiodateien |