Matilda I (Tanks)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tank Infantry Mk I)
Tank, Infantry, Mk I, Matilda I (A11)

A11E1 pilot model

Allgemeng Donnéeën
Besatzung 2
Längt 4,85 m
Breet 2,29 m
Héicht 1,85 m
Gewiicht 11 Lt
Panzerung a Bewaffnung
Panzerung 10-60 mm
Haaptbewaffnung .303 oder .50 Vickers Maschinnegewier
Kleng Waffen keng
Beweeglechkeet
Motor 3,6 Liter V8 Ford Modell 79 (Pëtrol) (52 kW)
Leeschtung 70 PS (52 kW)
Fiederung Sprangfiederen
Héchstvitess Strooss: 12,87 km/h
Terrain: 9 km/h

Den A11 Infantry Tank Mark I Matilda I war e britteschen Infanterietanks am Zweete Weltkrich.

Entwéckelung[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Modell vun dësem Panzer gouf vum Sir John Carden entwéckelt, a bei Vickers-Armstrongs gebaut. Fir d'Käschten niddereg ze hale gouf e Ford V8 Motor agebaut. Dësweidere goufen d'Steierung, d'Bremsen an d'Fiederung vun anere gepanzerte Gefierer benotzt. Am Ganze goufen eng 140 Stéck gebaut a bis August 1940 ausgeliwwert.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Well se net staark bewaffent waren, hate se just am Ufank vum zweete Weltkrich e puer Kampfzeenen a goufen duerno nach just fir den Training benotzt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Forty, George; Jack Livesy (2006). The World Encyclopedia of Tanks & Armoured Fighting Vehicles. Lorenz Books. p. 55. ISBN 978-0-7548-1741-3.
  • George Forty, Jack Livesey: The complete guide to Tanks & Armored Fighting Vehicils, Southwater, 2012, ISBN-13 978-1-78019-164-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Matilda I (Tanks) – Biller, Videoen oder Audiodateien