Tanktourismus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bensinstatioune laanscht dei däitsch Grenz zu Waasserbëlleg

Vun Tanktourismus schwätzt een, wann eng bemierkbar Zuel vu Leit mam Auto vun engem Land an en anert fiert, just, fir do ze tanken, an dat op Grond vu relevanten Ënnerscheeder am Präis vu Bensin oder Diesel.

Well d'Akzisen um Brennes fir motorbedriwwe Gefirer méi niddereg si wi a sengen Nopeschlänner, spillt zu Lëtzebuerg den Tanktourismus eng net onerhieflech Roll an der Economie.

Duerch den Tanktourismus fléissen all Joers ronn 600 Milliounen Euro an d'Staatskees.[1]

75% vun den Zäregas-Emissiounen, déi aus dem Verkaf vu Brennes, geméiss dem Kyoto-Protokoll, Lëtzebuerg zougerechent ginn, sinn dem Tanktourismus an dem Transit-Verkéier zouzerechnen. An anere Wierder: Nëmmen ee Véirel vum Bensin an Diesel, deen zu Lëtzebuerg getankt gëtt, gëtt och do verfuer. Dat si 40% vum Gesamt-Emissiounsbilan vum Land.[2]

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen