Tannu-ola-Bierger

Vu Wikipedia

Déi bis zu 2.930 m héich Tannu-ola-Bierger fënnt een an der Mongolei an a Russland (Asien).

Am Nordwesten an Norde grenzen dës héich Bierger, déi bal komplett a Süd-Sibirie leien an dowéinst zu de Südsibiresche Bierger gehéieren, un de Westsajan, am Oste gi se an dat ganz wäitleefegt Dall vun der Selenga iwwer. Am Süde grenze se un d'Taiga vun engem wäitleefege Baseng, wou wäit ewech op deem senger Südsäit sech de Mongoleschen Altai erhieft. Am Weste grenze se un de Russeschen Altai.

Nëmmen déi extreem südlech Ausleefer vum Tannu-ola, un déi och de Séi Ubsa-nor grenzt, leien an der Mongolei. Am Oste vun de Bierger entspréngt de Klenge Jenissei, am extreeme Westen d'Bija - un der Nout vun den Tannu-ola-Bierger, dem Westsajan an dem Altai.