Tantra

Vu Wikipedia

Tantra bezeechent e System vun esoteresche Léieren a Praktiken am Buddhismus.

Mat Hëllef vun Zauberspréch, Ritualen, Biller, Danz an Erotik soll de Kontakt zu der gëttlecher Welt hiergestallt ginn, fir sou Erléisung ze fannen. Kierper, Wieder, Gesten, Séil a Geescht sollen déi gëttlech Wierklechkeet droen an zu Mëttele vum Heel ginn.

Gesten a Beweegunge vum Kierper si besonnesch wichteg am Tantrismus. Och Erotik a Leidenschaft kënne zu heelbrengenden Dugende ginn. Den Ausdrock vum Kierper huet am Danz reliéis Kraaft. Duerch den Danz soll de Mënsch seng Bezéiung zu de Gëtter spieren.

Och d'Sprooch ass e wichtegt Mëttel. D'Buddhiste benotzen Zauberspréch, e sougenannte Mantra. Mam Mantra kann ee sech géint béis Geeschter schützen oder gudder ruffen. E Mantra ka souguer zur Erléisung féieren.

Donieft hunn och d'Übunge vum Geescht eng Roll am Tantrismus. D'Meditatioun huet am Buddhismus eng ganz wichteg Roll. Eng Hëllef fir d'Meditatioun ass zum Beispill de Mandala.