Tapisserie vu Bayeux

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De William den Eruewerer an den Harold Godwinson an der Normandie

D'Tapisserie vu Bayeux (fr.: Tapisserie de Bayeux) ass e brodéiert Stéck lénge Stoft vu bal 70 Meter Längt, op deem ë. a. d'Eruewerung vun England duerch d'Normannen, de William den Eruewerer an den Harold Godwinson, Grof vu Wessex, a spéidere Kinnek vun England, an d'Schluecht vun Hastings duergestallt ass.

Se gouf ëm d'Joer 1070 gemaach a besteet aus enger 50 Zeenen, déi duerch Iwwerschrëften a laténgescher Schrëft kuerz explizéiert ginn. Et gëtt ugeholl, datt dem William säin Hallefbrudder, den Odo, dee Bëschof vu Bayeux war an no der Eruewerung Grof vu Kent gouf, d'Tapisserie an Optrag ginn huet.

Se ass haut am Musée de la Tapisserie de Bayeux zu Bayeux, Normandie, ausgestallt.

D'Tapisserie an hirer ganzer Längt
D'Tapisserie an hirer ganzer Längt


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bayeux Tapestry – Biller, Videoen oder Audiodateien