Tarcisius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stréchzeechnung vum Tanja Konsbruck (L), Virlag: Kierchefenster vun Elleng (L) vum Nicolas Brücher (1952)

Den Hellegen Tarcisius ass de Patréiner vun de Massendénger.

Vum Tarcisius gëtt erzielt, hien hätt am 3. Joerhonnert zu Roum gelieft. Den Tarcisius war ee jonke Chrëscht. Fräiwëlleg huet hien de Kranken an de Gefaangenen d'helleg Kommunioun gedroen. Eng Kéier, wéi hie mat der hl. Kommunioun ënnerwee war, hu Kanner hie gefrot fir mat ze spillen. Wéi hien nee gesot huet hu si hie gedierengelt. Aus Angscht, datt si kéinten entdecken datt hien déi geseenten Hostie bei sech hat, ass hie fortgelaf. Aus deem Spill ass eng Verfollegung ginn. Si wollte wëssen, wat hien ënner senger Tunique géif verstoppen. Si hunn hien ëmmer méi gedierengelt. Wéi dunn den Tarcisius gefall ass, hu si hien dout getrëppelt a geschloen, fir un dat Wäertvollt ze kommen, wat hie bei sech verstoppt hat. Sou war den Tarcisius ee Massendénger, deen de 15. August 257 doutgemaach gouf. Den Tarcisius gouf zesumme mam réimesche Bëschof Zephyrinus (* 217) an de Kallixtus-Katakomben an der Via Appia Antica zu Roum begruewen. Spéider goufe seng stierflech Reschter an der réimescher Kierch San Silvestro versuergt.[1] Hautdesdaags gi si an der Kierch San Lorenzo fuori le Mura veréiert.

Am réimesche Martyrologium gouf den Tarcisius ënner dem Datum vum 15. August opgeholl, sou gouf säi Fest fréier op deem Dag gefeiert. Mä vun 1950 u gouf d'Fest Mariä Himmelfaart op de 15. August festgeluecht. Sou ass d'Fest vum hellegen Tarcisius no an no an de Vergiess komm.

D'Nationalequipe vun de Lëtzebuerger Massendénger huet d'Initiativ ergraff fir zu Lëtzebuerg een Dag, wou keen extrat Fest gefeiert gëtt, als deen Dag vum hellegen Tarcisius ze feieren: den 9. Juli gouf erausgesicht.

Tarcisiusstatu, déi vum 26.10.2009 bis de 14.06.2010 zu Iechternach stoung.

Statu vum Tarcsisius[änneren | Quelltext änneren]

Den Entworf vun der Statu staamt vum Bernhard Lang, Goldschmatt vu Basel. D'Statu stoung zu Aarau, Einsiedeln, Schmerikon, St. Gallen a vum 27. Oktober 2009 bis de 14. Juni 2010 zu Iechternach om Vulpert - an dem Wues tëscht der Basilika an dem Trifolion.

Fir déi offiziell Begréissungsfeier vum 27. Oktober 2009 waren eng ganz Rei Éieregäscht dobäi : de Kultusminister François Biltgen, den Dechen Théophile Walin, den Aumônier vun de Massendénger Jos Weisgerber, d'Ekipp "Lëtzebuerger Massendénger", de Kënschtler Bernhard Lang a Massendénger aus dem Dekanat Iechternach.

Am Juni an am Juli 2010 war si an Ungarn zu Györ. Fir d'internationaalt Treffe vun de Massendénger, wat den 03. + 04. August zu Roum war, stoung d'Statue op der Péiteschplaz. Vum 05.08.2010 un huet si hir definitiv Plaz am August 2010 zu Roum am Park vun de Calixtus-Katakomben.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Tarcisius kënnt aus der Basilika, hien ass ënnerwee zu de Leit an ass do wou d'Leit sech begéinen. D'Statu ass an der Form éischter einfach gehalen, mä d'Gréisst ass beandrockend. D'Statu ass bal 5 Meter grouss a weit, mam Sockel, iwwer 4 Tonnen.

Fir d'éischt huet de Kënschtler sech mol selwer iwwer den hl. Tarcisius informéiert (dee war him aus senger Massendéngerzäit kee Begrëff). Duerno huet hie Massendénger (Jongen a Meedercher) an hirer Alef fotograféiert. D'Viraarbecht huet ongeféier ee Joer gedauert, vum Entworf bis zum grousse Modell aus Gips. De Modell gouf duerno a 7 Deeler getrennt – fir ee Goss un engem Stéck war en ze grouss an sollt spéider transportabel bleiwen. D'Figur ass vu banne mat engem stole Gerëscht verstäerkt a steet op engem Bëtongssockel.

De Kënschtler Bernhard Lang mat dem 1m grousse Leemmodell vun der Statu - 07.09.2008

D'Statu gouf an der Géisserei H. Rüetschi zu Aarau an der Schwäiz gegoss.

Si soll een « DANKmal » si fir den Déngscht vum Massendénger an der Kierch, als Unerkennung fir all Massendénger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Link: Tarcisius um cathol.lu [1]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]