Tarzan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Titelblat vun der Zeitschrëftenausgab vu 1912 an den USA a vun der kanadische Buchedition vu 1914

Den Tarzan ass eng vum Edgar Rice Burroughs erduechte Figur, déi fir d'éischt am Joer 1912 an der Geschicht Tarzan of the Apes opgetrueden ass. D'Geschicht war an der Oktobernummer vum All-Story Magazine ze liesen. A Buchform ass se 1914 erauskomm.

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

Den Tarzan ass de Jong vun briteschen Adlegen, säi richtegen Numm ass John Clayton III., Lord Greystoke. Hie geréit als Puppelche mat sengen Elteren an den afrikaneschen Dschungel, nodeems hiert Schëff ënnergaangen ass. Seng Eltere stierwe kuerz dono, an hie gëtt vum Afeweibchen Kala opgezillt. Wéi e grouss gëtt, klaut den Tarzan (wat an der Afe"sprooch" "wäiss Haut" heescht) vu schwaarzen Awunner Gëftfeiler a bréngt domat e Léif ëm, aus deem sengem Pelz e sech säi Cache-sexe bitzt. Enges Daags begéint hien dem Jane, der Duechter vun engem Wëssenschaftler (déi a bal alle Filmer schwaarz Hoer huet, am Buch awer blond ass), a verléift sech an hatt. Wéi d'Jane, nodeems se eng Zäitchen zesummen verbruecht hunn, nees a Groussbritannien zeréckgeet, decidéiert den Tarzan, mat ze goen. Si bestuede sech a kréien e Jong, den Jack. Am véierte Band vun der Buchserie (The Son of Tarzan) fiert den Jack heemlech an Afrika, wou en dat selwecht Liewe féiert, resp. féiere muss wéi vrdru säi Papp. Och den Tarzan ka sech net un déi hypokritesch englech Gesellschaft gewinnen a fiert mam Jane hannescht an Afrika, wou se nach ëmmer liewen...

Den Tarzan am Buch[änneren | Quelltext änneren]

  • Tarzan Of The Apes (1912)
  • The Return of Tarzan (1913)
  • The Beasts Of Tarzan (1914)
  • The Son of Tarzan (1914)
  • Tarzan And The Jewels Of Opar (1916)
  • Jungle Tales Of Tarzan (1919)
  • Tarzan The Untamed (1920)
  • Tarzan The Terrible (1921)
  • Tarzan and the Golden Lion (1923)
  • Tarzan and the Ant Men (1924)
  • The Tarzan Twins (1927)
  • Tarzan, Lord of the Jungle (1927)
  • Tarzan and the Lost Empire (1928)
  • Tarzan at the Earth's Core (1929)
  • Tarzan the Invincible (1930)
  • Tarzan Triumphant (1931)
  • Tarzan and the Leopard Men (1932)
  • Tarzan and the City of Gold (1932)
  • Tarzan the Magnificent (1936)
  • Tarzan and the Forbidden City (1938)
  • Tarzan and the Jungle Murders (1940)
  • Tarzan and the Champion (1940)
  • Tarzan and the Madman (1964)
  • Tarzan and the Foreign Legion (1947)

Den Tarzan am Kino[änneren | Quelltext änneren]

An der Internet Movie Database sinn iwwer 100 Filmer opgezielt, déi "Tarzan" am Titel hunn. Déi bekanntst dorënner sinn:

Filmer mam Johnny Weissmuller[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mam Lex Barker[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mam Gordon Scott[änneren | Quelltext änneren]

Filmer mat anere Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]