Taschkent

Vu Wikipedia
Taschkent
Toshkent
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Usbekistan
Provënz: Taschkent
Koordinaten: 41° 18' 36" N
69° 16' 46" E
Fläch: 334,8 km²
Awunner: 2.140.486 (2008)
Bevëlkerungsdicht: 6.393 Aw./km²
Héicht: 455 m
Zäitzon: UTC+5
Buergermeeschter: Abduqahhor Toʻxtaev

Taschkent ass d'Haaptstad vun Usbekistan. Offiziell huet se 2 Milliounen Awunner, mä inoffiziell gëtt geschat datt an där immens wäitleefeger Stad ronn 4,5 Millioune Leit liewen.

Si gëtt eng éischt Kéier am 3. Joerhonnert v. Chr. a schrëftleche Quellen ernimmt an ass als Oas beim Tschirtschik Floss entstanen. Den Numm bedeit déi "stenge Stad".

Beim Äerdbiewen 1966 ass d'Stad staark zerstéiert ginn. Am Zentrum sinn nach e puer Bauwierker vun alusbeekescher Architektur erhale bliwwen an d'Alstad am Nordwesten huet hiren orientalesche Flair behalen. Enn der 1960er an an den 1970er Joren ass se fir de Rescht komplett nees opgebaut ginn, mat ville Parken. 1977 huet se als eenzeg Stad an Zentralasien eng Metro kritt. Och haut ass d'Stad ëmmer nach am Ëmbroch, all puer Joer gëtt se plazeweis op modern usbeekesch Aart a Weis ëmgebaut.

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Taschkent – Biller, Videoen oder Audiodateien