Tassos Papadopoulos

Vu Wikipedia
Tassos Papadopoulos
Gebuer 7. Januar 1934
Gestuerwen 12. Dezember 2008
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Zypern
Educatioun King’s College London,
The Dickson Poon School of Law
Aktivitéit Politiker, Affekot

Den Tassos Papadopoulos (Τάσσος Νικολάου Παπαδόπουλος, gebuer de 7. Januar 1934 zu Nikosia an do den 12. Dezember 2008 gestuerwen, war e griichesche Jurist. Vum 1. Mäerz 2003 bis zum 28. Februar 2008 war hien de President vun der Republik Zypern.

De Papdopoulos huet a Groussbritannien Droit studéiert a gouf duerno Affekot.[1] Vun 1960 u war en 12 Joer laang Mataarbechter vum Äerzbëschof Makarios, dem President vun Zypern. De Papadopoulos war Member vun der EOKA, déi sech fir eng Onofhängkeet vun Zypern vu Groussbritannien agesat huet. Zanter der Mëtt vun den 1960er Jore war hie politesch aktiv. De Papadopoulos war ee vun de Signatairë vun der zypriotescher Verfassung. 1960 bis 1970 war hie Minister mat am Ganze 6 verschiddene Portefeuillen. 2000 gouf e President vun der Biergerlecher Demokratescher Partei vun Zypern. De 16. Februar 2003 gouf hie mat 51,5 Prozent vun de Stëmmen zu President vun Zypern gewielt[2] a gouf den 1. Mäerz 2003 den Nofollger vum Glafkos Klerides.

Den Tassos Papadopoulos war e strikte Géigner vun enger federaler Koexistenz mam tierkeschen Norddeel vun der Insel a war dofir géint den Annan-Friddensplan vun de Vereenten Nationen, no deem déi zwou Hallschente vun der Insel 2004 hätte sollen nees zesummebruecht ginn. Net zulescht duerch säin Opruff op der Tëlee, ënner Tréinen, d'griichesch Zypriote sollte géint den Annan-Plang stëmmen, ass deen am Süde vun der Insel am Referendum net ugeholl ginn.

Am Februar 2008 huet de Papadopoulos eng zweet Kéier fir d'Amt vum President kandidiéiert, ass awer schonn de 24. Februar am éischten Tour eliminéiert ginn, wou den Dimitris Christofias an de Ioannis Kasoulides méi Stëmme kruten.

Hien ass u Longekriibs gestuerwen.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tassos Papadopoulos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ex-Präsident von Zypern gestorben, Süddeutsche Zeitung, 13. Dezember 2008
  2. http://kypros.org/Ekloges2003/index.php%3flocale=en&district=0
  3. Financial Times 15.12.2008, S.4: Obituary: Cyprus's 'Mr. No' refused to make peace with Turks.