Tau-Herkuliden

Vu Wikipedia
D'Stärekaart vum Stärebild Hercules

D'Tau-Herkulide sinn e Meteorstroum, dee vum 19. Mee bis den 19. Juni aktiv ass. Gewéinlech huet dëse Meteorstroum, deem säin Urspronkskierper de Koméit 73P/Schwassmann-Wachmann ass, eng schwaach Aktivitéit vu ronn 2 Meteore pro Stonn. Déi bescht Observatiounszäit ass déi éischt Nuetshalschent, well säi Radiant vu mëtteleuropäesche Breetegrade bal am Zenit steet.

Wéi de Koméit 73P/Schwassmann-Wachmann am Joer 1930 entdeckt gouf, hunn déi virleefeg Resultater vun der Koméitebunnbestëmmunge drop hi gedeit, datt vill Meteore méiglech wieren. Bei Observatioune goufen den 9. Juni 1930 an enger Stonn 59 Meteoren an den 10. Juni bannen 30 Minutten 36 Meteore gezielt. De Radiant louch bei enger Rektaszensioun vu 15h 44m an enger Deklinatioun vu +41°. An de Joren duerno goufen awer nëmmen nach wéineg Tau-Herkulide gezielt.

Am Mee 2006 hat de Schwassmann-Wachmann 3 d'Äerdbunn op knapps 0,07 AE passéiert. Obschonn dësen Ofstand eigentlech fir eng méi héich Aktivitéit ze grouss war, gouf de Stroum wéinst dem Urspronkskierper deen auserneefält konzentréiert observéiert. Et gouf awer nëmme wéineg Tau-Herkulide verzeechent.

Prognose fir d'Joren 2022 an 2049 deiten awer un, datt et der da vill kéint ginn, well d'Äerdbunn d'Koméitematerial vum Schwassmann-Wachmann 3 kräizt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Sterne und Weltraum, Spektrum der Wissenschaft, Ausgabe 6/2006, Heidelberg, ISSN 0039-1263

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]