Tavigny

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Tavigny
Tavigny Schoul.jpg

D'Schoul vun Tavigny
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Blason ville be Houffalize (Bastogne).svg Houffalize
Telefonszon 061
Postcode 6662
Koordinaten 50° 06' 28" N
05° 50' 16" O
Bevëlkerung  650 (1. Jun. 2004)

Tavigny ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Houffalize an der Provënz Lëtzebuerg ronn 3 km vun der Grenz mat Lëtzebuerg.

Tavigny läit op enger Héicht vu ronn 430 Meter um Waasserscheet tëscht dem Anzuchsgebitt vun der Meuse an dem Rhäin.

Zu der fréierer Gemeng déi 1977 bei der belscher Gemengereform un Houffalize ugeschloss gouf, hunn déi kleng Dierfer Buret, Boeur, Alboumont, Cetturu, Vissoûle, a Cowan gehéiert.

Well eent vun de gréisste Bauwierker vum Meuse-Musel-Kanal den Tunnel vu Bernistap nëmmen 2 km dervun ewech louch, haten d'Ingenieure vun der Enterprise sech d'Schlass vun Tavigny als Residenz ausgesicht. De Geometer vun der Entreprise déi um Tunnel geschafft huet gouf um Kierfecht vun Tavigny begruewen.

[änneren] Soss nach aus der Geschicht

  • Op der Plaz Saint Martin goufen Iwwerreschter vun engem gallo-réimeschen Tempel fonnt.
  • 1316 hunn d'Pescht an eng Hongersnout d'Awunnerzuel staark reduzéiert.
  • 1334 nach eng Hongersnout duerch Spéitfrascht am Mee, deen Recolten an der ganzer Géigend zerstéiert hat.
  • 15. Joerhonnert: d'Schlass gëtt gebaut.
  • 18. Joerhonnert: d'Kierch Hellege Rémy gëtt gebaut

[änneren] Um Spaweck

Commons: Tavigny – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen