Tavira
Tavira ass eng Stad am Süde vu Portugal an der Provënz Algarve, am Distrikt Faro. Tavira läit am ëstlechen Deel vun der Provënz, am sougenannte "Sotavento", tëscht Faro an der spuenescher Grenz. D'Awunnerzuel ass knapps 20.000.
Am Géigesaz zu de Stied an der westlecher Algarve läit Tavira net direkt beim Mier. D'Lagunelandschaft an Naturschutzgebitt "Ria Formosa", déi sech iwwert e groussen Deel vun der ëstlecher Algarveküst erstreckt, trennt d'Stad vum Mier of. Fir op d'Plage ze kommen, hëlt een an der Stad e Boot oder e klengt Schëff, vun deem een iwwert d'Ria Formosa bis op déi propper Plage "Ilha de Tavira" gefouert gëtt.
Während d'Landwirtschaft an der Regioun nach ëmmer eng wichteg Plaz anhëlt, spillt awer den Tourismus zënter de den 1990er Joren déi gréisste Roll. Tavira ass trotzdem op ville Plazen nach ganz onberéiert vum Tourismus bliwwen, an et ass grad dat, wat déi meescht Touristen un der schéiner aler Stad esou schätzen.
Zumools d'Alstad huet en eemolege portugisesche Charme virzeweisen, mat senge ville Kierchen a klenge Plazen. Besonnesch interessant ass déi al Maarthal matzen am Zentrum, an där een zënter uganks den 2000er Joere Butteker a Bistroe fënnt; de Maart selwer gouf an d'Peripherie ausgelagert.
Ausserdeem gëtt et eng al réimesch Bréck iwwert de Floss Gilao, deen Tavira an zwou Halschenten trennt, an d'Stad mam Mier verbënnt. Z'ernimme sief och déi mauresch Buerg, héich iwwert der Stad, vu wou aus een eng formidabel Vue iwwert déi ganz Géigend ka genéissen.
Tavira huet eng relativ gutt Infrastruktur a Verkéiersubindung. D'Haaptstrooss N 125, déi d'Algarve vun Osten no Westen duerchleeft, féiert direkt laanscht d'Stad. Och d'Autobunn A22 läit just e puer Kilometer am Hannerland. Bis op Faro sinn et ronn 30 km, bis bei d'spuenesch Grenz grad esou vill. Ausserdeem ass d'Stad un d'Schinnennetz ugebonnen a ka vu Faro aus mam Zuch erreecht ginn.
D'Gemenge (freguesia) vum Krees Tavira:
- Cabanas de Tavira
- Cachopo
- Conceição
- Luz
- Santa Catarina da Fonte do Bispo
- Santa Luzia
- Santa Maria (Tavira)
- Santiago (Tavira)
- Santo Estêvão
| Commons: Tavira – Biller, Videoen oder Audiodateien |